D'Justizkräiz an der Fiels ass en aalt Justizkräiz, dat haut, mat dräi Lanne ronderëm, op der Bleech an der Fiels steet. Zanter dem 11. Juni 2021 ass et als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Beschreiwung

änneren

D'Kräiz besteet haut aus engem Sockel aus zwéin Zylinderen (deen ënneschte méi grouss wéi deen ieweschten), mat drop enger iwwer 3 Meter héijer sechseckeger Sail. Uewendrop ass d'Kappstéck, dat dräi Säiten huet.

Op der viischter Säit ass, am e stengent Relief vun der Kräizegungszeen ze gesinn, op der (vu vir drop gekuckt) rietser Säit ass d'Maria mam Jesuskand, déi op enger Moundséchel steet, ofgebilt, an op der lénkser den hellege Franz vun Assisi, dee virun engem Kräiz knéit. Ënner dëse Bildtafele si vir a riets Wopen agemeesselt: Vir dee vun Homburg a riets dee vu Fiels-Räiland. Lénks ënner dem Bild ass en Engelskapp mat Flilleken.

Iwwer dem Kappstéck ass e Kléiblatkräiz.

Déi seckseckeg Sail krut d'Kräiz, no Pläng vum Charles Arendt, wéi et 1882 restauréiert gouf. Virdru war se, zanter 1845, méi kuerz an éischter ronn, an nach virdrun just maanshéich, an ënne méi déck wéi uewen. Bis an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert waren nach Spuere vun enger Vergoldung a vun enger Bemolung ze gesinn.[2]

Geschicht

änneren
 
Standuert

Et ass net genee gewosst, wéini d'Kräiz opgeriicht gouf. Nom Georges Schmitt misst dat kuerz no 1571 gewiescht sinn, iwwerdeems den Henri Adolphe Reuland unhëlt, dass et an der Mëtt vum 17. Joerhonnert, an zwar duerch de Bernard vu Méischtref, gewiescht wier.

Et stoung net ëmmer op senger haiteger Plaz: Am Ufank stoung et nieft engem décke Steeblock, virun deem scho virdru Geriicht gehale gouf a wichteg administrativ Akte vollzu goufen. Sou gouf do z.B: 1793 en Doudesuerteel géint de Mathias Zimmer aus Holtzerath vollstreckt. Dee Steen ass zanter 1930 ënnert dem Buedem. 1845 gouf d'Staatsstrooss ugeluecht, an d'Kräiz koum virun d'Jongeschoul, a geschwënn dono virun d'Donatuskierch stoen. Vun do koum et dann[Wéini ?] op déi Plaz, wou et haut nach steet.

Virum Kräiz geet all Joers eng Pressessioun zu Eiere vum Hellegen Donatus fort.

Déi 3 Lannen (ma net d'Kräiz selwer) goufen 1974 op den Zousazinventaire vun de klasséierten nationale Monumenter agedroen; ma an der 2. Hallschecht vun den 2010er Joren nees erofgeholl, warscheinlech, well se duerch méi jonk Beem ersat goufen.

Kuckt och

änneren

Referenzen

änneren
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
  2. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Service des sites et monuments nationaux: Nationale Inventarisierung der Baukultur im Großherzogtum Luxemburg: Kanton Mersch, Gemeinde Larochette. Lëtzebuerg 2018, S. 60-63.