De Julius Scheiner, gebuer de 25. November 1858 zu Köln a gestuerwen den 20. Dezember 1913 zu Potsdam war en däitschen Astronom an Astrophysiker.[1]

Julius Scheiner
Gebuer 25. November 1858
Köln
Gestuerwen 20. Dezember 1913
Potsdam
Nationalitéit Kinnekräich Preisen, Däitscht Räich
Educatioun Universitéit Bonn
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser

No sengem Abitur am Joer 1878 hat hien zu Bonn Mathematik an Naturwëssenschafte studéiert, 1882 hat hien iwwer Ënnersich iwwer de Liichtwiessel vum Algol no de Mannheimer Observatioune vum Professer Schönfeld an de Joren 1869 bis 1875, promovéiert. Schonn zanter 1881 war hien als Assistent um Bonner Observatoire beschäftegt, a vun 1887 un, um Astrophysikaleschen Observatoire Potsdam, wou hien 1894 zum stännege Mataarbechter an 1898 zum Haaptobservateur ernannt gouf. 1893 krut hie vun der Universitéit Berlin de Professertitel, an 1894 eng ausseruerdentlech Professur.

Dem Scheiner seng Gréisst louch um praktesche Gebitt. Hien hat déi no him genannt Scheiner-Method entwéckelt, bei där fir prezis Himmelsobservatiounen d'Rektaszensiounsachs (Polachs) vun der Montéierung vun astronomeschen Instrumenter genee parallel zu der Rotatiounsachs vun der Äerd ausgeriicht gëtt. De Scheiner gouf bekannt duerch populärwëssenschaftlech Virträg a Publikatioune wéi Der Bau des Weltalls (1913) oder Populäre Astrophysik (Leipzig a Berlin, 2. Oplo 1912) oder duerch en ettlech Artikelen an Zäitschrëften an Zeitungen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Nachruf von Johannes Wilsing in Vierteljahrsschrift der Astronomischen Gesellschaft 49 (1914), S. 22-36