Jules Vanpaemel

belschen Architekt a Graveur

De Jules César Vanpaemel och alt ënner dem Numm Jules Van Paemel ze fannen, gebuer den 23. Februar 1896 zu Blankenberge a gestuerwen den 3. Januar 1968 zu Ottignies[1], war e belschen Architekt, Professer, Graveur an Aquafortist.

Jules Vanpaemel
Gebuer 23. Februar 1896
Blankenberge
Gestuerwen 3. Januar 1968
Ottignies
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Architekt, Moler, Graveur, Universitéitsprofesser

Dem Vanpaemel säi Wierk als Graveur besteet aus 285 Stéch, meeschtens Radéierungen déi dat flämescht Flaachland oder d'Koppe vum Wallounesche Brabant duerstellen.

Mä et ass haaptsächlech a groussen eepesche Planchë mat fantasteschen Déieren a korjéise Personnagen déi un d'Wierker vum Jérôme Bosch a vum Pieter Bruegel erënneren, wou de Vanpaemel seng artistesch Stäerkt beweist.

Dozou zielen ënner anerem De babbeltoren (och La Tour du Papotage ou des Cancans) vun 1933, L'Apothéose de James Ensor vun 1933, Le Monstre de l'Escaut (1935), Le bal surréaliste (1949).

All déi Wierker weise seng Virstellungskraaft a säi schaarfe kriteschen Humor, deen och dacks onvirsechteg war. A sengem Wierk Visions vun 1935 huet en op enger Wo d'Kräiz mam Christus op der enger Säit an den ofgeschniddene Kapp vum Hitler op der anerer Säit duergestallt. Dat Wierk war 1940 am Ufank vum Krich zu Courtai ausgestallt, a gouf vun den Däitsche beschlagnahmt, fir op Berlin geschéckt ze ginn, wou da sollt decidéiert ginn, wat mat dem Kënschtler sollt geschéien. Et ass awer ni eppes weider geschitt, well en Offizéier dee Sammler war an dat grousst Talent erkannt hat, d'Gravur fir sech behalen hat.[2]

Eng Parti vu senge Wierker ass an de Musééë vu Brighton, Budapest, Buenos Aires, Kairo, Kostitz, New York, Paräis a Warschau ze gesinn.[3]

Liewen a Famill änneren

De Jules Vanpaemel war dat jéngst vun aacht Kanner an ass zu Blankenberghe an der Familljepensioun Jules César déi seng Mamm bedriwwen huet opgewuess. Do léiert hie ganz fréi Franséisch schwätzen, well en ëmmer mat de francophone Kanner déi bei hinnen an der Vakanz waren, gespillt huet.

No senger Lycéeszäit huet en op der Académie des Beaux-Arts zu Gent en Architektestudium gemaach, dat e wéi den Éischte Weltkrich ausgebrach ofgebrach huet fir an d'belsch Arméi ze goen, wou e bis zum Enn vum Krich an enger Patrullekompanie vum 18. Linneregiment vun der 4. Arméisdivisioun Déngscht gemaach huet. Déi schrecklech Zäit vun de Krichsjoren huet hie spéider op senger grousser Planche Jugement dernier duergestallt. Nom Krich ass e mam Studium weidergefuer, déi Kéier op der Academie vu Bréissel, a kruet 1922 säin Architektendiplom ënner der Leedung vum Architekt a Professer Joseph van Neck. Dat selwecht Joer huet hie sech mat der Marguerite Colette Louise Le Roy, dem Meedche vum Schrëftsteller a Graveur Grégoire Le Roy, bestuet. Duerch säi Schwéierpapp dee gutt bekannt war, an déi Zäit Conservateur vum Musée Wiertz zu Bréissel war, huet hien allerhand Perséinlechkeete wéi den André Derain, d'Isidora Duncan, den Albert Einstein, de Maurice Maeterlinck, an de Charles Van Leberghe kennegeléiert an hie war e gudde Frënd vum James Ensor, deen him iwweregens seng Radéierung La Cathédrale dedicacéiert hat.

Obschonn hie Gravéiere geléiert hat, hien hat och scho mat 17 Joer eng Radéierung gemaach, huet hie sech ni weider dermat beschäftegt an huet zu Blankenberghe an zu Bréissel als Architekt geschafft.

Et ass eréischt 1928 wéi seng Karriär als Aquafortist ugefaangen huet an zwar nach méi duerch Zoufall. Engesdaags wéi e sengem Schwéierpapp beim Gravéieren nogekuckt huet, huet e sech eng Zénkplack gefrot fir och ze probéieren. Vu senger éischter Radéierung huet de Le Roy gesot: pour sa première eau-forte, ce bougre-là m'a dépassé de cent coudées. 1935 gouf de Vanpaemel Member vun der Académie royale de Belgique. 1938 krut hie vun der belscher Nationalbank den Optrag fir d'Placke vun enger Serie vu Geldschäiner ze gravéieren (10.000, 5.000, 1.000, 500 an 100-Frangschäin). Op deene Schäiner sollten de Léopold I., de Léopold II. an den Albert I. an de Léopold III. ze gesi sinn. Se koumen eréischt nom Krich 1945 an den Ëmlaf. Den 10.000der Schäin op deem de Léopold den I. sollt ofgedréckt ginn, koum ni eraus. E war en Affer vun der Operatioun Gutt ginn. De Vanpaemel huet dunn den Honnerter dee fir dem Léopold III. säi Portrait virgesi war iwwerschafft an dee vum Léopold I. dran agebaut. Sou koum et datt de Léopold den III. ni op engem Gelschäin ze gesi war.

De Pak Suen plus e Kilo Botter deen e fir déi Aarbecht kritt hat, hunn him et erlaabt d'Fermette zu Sauvagemont ze kafen, déi en och ganz selwer am Stil vun der Géigend restauréiert huet.[4]

1949, no enger Ausstellung a Brasilien gouf hie Membre correspondant vun der brasilianescher Konschtakademie.

1951 krut hien eng Nomination als Zeecheprofesser op der Académie Royale vu Mons, an hiet huet opgehale mat gravéieren. En huet awer no senger Pensioun nach en ettlech Biller gemoolt.

Hie war de Monni vum Moler Leo Vanpaemel an den Urgrousspapp vun der belscher Illustratrice Alice De Page an der Fotografin Isa Koninckx.

Zu Blankenberge gouf eng Strooss no him benannt.

Erënnerungen änneren

  • Champagne, P., Le graveur Jules Van Paemel, historien et juge de notre temps. (Net datéiert a keng Dréckerei bekannt)
  • Poirier, P., Hommage à Jules Van Paemel am Bulletin de la Classe des Beaux-Arts Tome L 1968 - 1-2 Extrait. Bruxelles Palais des Académies, rue Ducale,1
  • Poirier, P., Notice sur Jules-César Van Paemel Am Joerbuch 1970 vun der Acacémie royale de Belgique.
  • 1970 vum 25 Abrëll bis de 14 Juni: Eng Ausstellung an der Bibliothèque royale Albert I. zu Bréissel mat 118 Gravuren.

Referenzen änneren

  1. Doudesschäin vun der deemoleger Gemeng Couture-Saint-Germain
  2. Lasne, Au-delà des clichés, Éditions Le Carré Gomand (2012)
  3. Revue de la Générale (1971)
  4. Dossier de presse am Besëtz vu sengem Kandskand C.Morant