Hieronymus Bosch

(Virugeleet vu(n) Jérôme Bosch)

Den Hieronymus Bosch (fir richteg Jeroen Anthoniszoon van Aken [jəˈrun ɑnˈtoːnɪsoːn vɑn ˈaːkə(n)]), gebuer ëm 1450 zu 's-Hertogenbosch a gestuerwen am August 1516 och do, war en hollännesche Moler, tëscht dem Enn vum Mëttelalter an dem Ufank vun der Neizäit.

Hieronymus Bosch
Gebuertsnumm Jheronimus van Aken
Pseudonym Aeken, Hieronymus van, Aken, Hieronymus van, Aken, Jeroen Anthoniszoon van, Aken, Jheronymus van, Aquen, Jheronimus, Bos, Jeronimus
Gebuer 1450 jul.
's-Hertogenbosch
Gestuerwen August 1516 jul.
's-Hertogenbosch
Nationalitéit Südlech Nidderlanden
Aktivitéit Moler, Zeechner, Bauzeechner, visuelle Kënschtler
E Portrait vum Bosch (net sécher - ëm 1516)
De Gaart vun de Glëschtereien
Den Heewon

Hien ass bekannt fir seng Biller, op deenen eng Hellewull vu symboleschen, metaphoreschen a spréchwiertlechen Zeenen ze gesi sinn, déi haut bis op e puer Ausnamen, kaum méi z'entschlëssele sinn. Ausserdeem sinn dodrop Monsteren, Déieren, Fabelwiesen oder Hybrid-Wiesen (z. B. e Mënsch mat engem huelen Ee als Bauch, Bamstämm als Been a Booter als Féiss) ze fannen.

Zu senge bekanntste Wierker zielen déi zwéin Triptychen De Gaart vun de Glëschtereien an Den Heewon (haut am Museo del Prado), oder awer Déi Siwen Doutsënnen, D'Tentatioun vum hellegen Antonius, D'Geckeschëff, D'Spillleit, Ecce homo, asw.

Literatur änneren

  • Hieronymus Bosch: Der Garten der Lüste Prestel Verlag, München 2003. ISBN 3-7913-2662-7
  • Roger H. Marijnissen/Peter Ruyffelaere: Hieronymus Bosch. Das vollständige Werk. Köln 2002, 516 S., über 200 meist farb. Abb. auf Kunstdruck, ISBN 3-88059-971-8.
  • Jos Koldeweij/Paul Vandenbroeck/Bernard Vermet: Hieronymus Bosch. Das Gesamtwerk. Belser Verlag, Stuttgart 2001, ISBN 3-7630-2390-9
  • Jos Koldeweij/Bernard Vermet/Barbera van Kooij: Hieronymus Bosch. New Insights Into His Life and Work. NAi Publishers, Rotterdam 2001, ISBN 90-5662-214-5.
  • Larry Silver: " Hieronymus Bosch, Hirmer Verlag München 2006. ISBN 978-3-7774-3135-2

Um Spaweck änneren

Commons: Hieronymus Bosch – Biller, Videoen oder Audiodateien