Jugend-, Kultur- a Sportpalais

De Jugend-, Kultur- a Sportpalais (op albanesch: Pallati i Rinise, Kulturës dhe Sportëve, och bekannt als Boro Ramiz) ass e multifunktionelle Komplex zu Pristina am Kosovo, deen tëscht 1977 an 1981 gebaut gouf.[1]

De Jugend-, Kultur- a Sportpalais 2014 (Vue vun der Terrass)

Op dräi Säite vum Komplex féiere baussen Trapen op eng Terrass, op där d'Haaptentrée ass. Den Daach aus Koffer gëtt vun zweemol aacht symmetresche Bëtongspiliere gestäipt.

Direkt virum Palais steet Newborn, eent vun de bekanntste Monumenter am Kosovo.

Geschicht änneren

Enn der 1970er Joren huet déi jugoslawesch Regierung de Bau vum grousse Komplex am Zentrum vu Pristina an Optrag ginn. Am Zeeche vun der sozialistescher Brudderschaft an Eenheet gouf en no dem Boro Vukmirovic an dem Ramiz Sadiku benannt, engem serbeschen an engem albanesche Partisan, déi am Zweete Weltkrich zesumme géint d'Faschiste gekämpft hunn a gestuerwe sinn.[2] De Palais huet sech zu engem vun de bedeitendsten Zentre fir Sport am Kosovo entwéckelt.

E puer Méint nom Enn vum kosovareschen Onofhängekeetskrich ass 2000 wéinst engem defekten Heizkierper een Deel vum Gebai engem Feier zum Affer gefall. Et gouf nach ëmmer net komplett renovéiert an deen zerstéierten Deel gëtt haut als Parking benotzt.[3]

Zanter dem Enn vum Krich hänkt iwwer der Entrée vum Gebai eng grouss Photo vum Adem Jashari, dem Grënner vun der Kosovo-Befreiungsarméi deen 1998 mat senger ganzer Famill vun de pro-serbesche Forcen ëmbruecht gouf an am Kosovo als Krichsheld gëllt.

2014 goufe Renovatiounen an Héicht vun 115.000 Euro ofgeschloss.[4]

Um Rez-de-Chaussée vum Gebai sinn eng Rei Caféen, Baren a Restauranten an e klengen Akafszenter. Donieft sinn doran e Fitness, eng Disko, en Theater an d'Raimlechkeete vun der American School of Kosovo. Ëm déi 30 verschidde Sportsclibb trainéieren am Jugend-, Kultur- a Sportpalais.[3]

Galerie änneren

Um Spaweck änneren

Quellen änneren

  • Warrander, Gail, a Knaus, Verena (2010), "Kosovo", Bradt, 2. Editioun, S. 130
  1. In Your Pocket (online): Palace of Youth & Sports
  2. Berlin goes Balkan (Blogspot): PRISHTINË – mon amour: young artists reclaim Prishtina's space (16. August 2014)
  3. 3,0 3,1 Balkan Insight (online): The Palace of Youth and Sports Shows Its Age (27. Mee 2009)
  4. Ministère fir Kultur, Jugend a Sport vum Kosovo: Inauguration of renovations in the Sports Hall at Youth Palace in Prishtina (22. Januar 2014)