Jousefskierch zu Huldang
kathoulesch Kierch
D'Jousefskierch zu Huldang ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Ëlwen gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch zu Huldang (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Huldang | |||
Par | Ëlwen–Wäiswampich Saint-François | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Jousef | |||
Koordinaten | 50° 09’ 48.5’’ N 06° 00’ 51.9’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Jousef, deem säi Fest den 19. Mäerz gefeiert gëtt.
D'Kierch steet zu Huldang op der Kräizung vun der Duarrefstrooss, dem CR336, mat der Strooss Op d'Burrigplatz. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Den 22. November 2019 gouf si als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Geschicht änneren
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Huldang, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Jousefskierch zu Huldang – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).