Jousefskierch vun Alzeng

D'Jousefskierch vun Alzeng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Hesper gehéiert.

Kierch vun Alzeng
Den Agank vun der Alzenger Kierch

Den Agank vun der Alzenger Kierch
Den Agank vun der Alzenger Kierch
Uertschaft / Plaz Alzeng
Par Hesper–Réiser–Weiler
Disciples d'Emmaüs
Dekanat Süden-Ost
Numm / Patréiner Hl. Jousef
Koordinaten 49° 34’ 06.8’’ N
      06° 09’ 40.9’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellege Jousef, den Handwierker.

Si steet op der Kräizung vum CR154 (rue de Syren) mat der N3 (route de Thionville).

Geschicht änneren

Den eelsten Deel vun der haiteger Kierch, den Tuerm, staamt warscheinlech aus dem 14. Joerhonnert.

Am Joer 1755 war et néideg ginn, dat mëttelalterlecht Schëff, dat a schlechtem Zoustand war, z'ersetzen. Deen Deel deen du gebaut ginn ass bilt den haitege Chouer.

1884 ass en neit Schëff ugebaut ginn, wouduerch d'Kierch hiert haitegt Ausgesinn kritt huet.

2001 ass d'Kierch zesumme mam ganze Quartier ronderëm restauréiert ginn.

D'Uergel änneren

Am November 1956 gouf déi éischt Uergel an der Alzenger Kierch ageweit. Et war eng Serienuergel vun der Uergelmanufaktur G. Haupt vu Lëntgen.

Se war awer geschwënn net méi befriddegend an dofir ass eng nei Uergel bei der Firma Oberlinger vu Windesheim bei Bad Kreuznach bestallt ginn, déi 1979 a Betrib geholl gouf. Déi Uergel ass bis haut onverännert erhale bliwwen.

Klacken änneren

D'Klacke vun der Alzenger Kierch lauden ënnert der Dispositioun h' a fis', och Sibémol, La, Fa Dièse genannt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jousefskierch vun Alzeng – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
 
D'Kierch vun der Haaptstrooss aus gesinn