Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean Julien Joseph Servais, gebuer den 20. Mäerz 1819 zu Miersch an do gestuerwen den 1. Juli 1890[1], war e lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.[2]

Joseph Servais
Gebuer 20. Mäerz 1819
Miersch
Gestuerwen 1. Juli 1890
Miersch
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Famill
Geschwëster Emmanuel Servais, Philippe Servais
Kanner Félix Servais

De Politiker änneren

1849 gouf de Joseph Servais an de Gemengerot vun der Gemeng Miersch gewielt. Hie war vum 22. Dezember 1854 bis zu senger Demissioun den 21. Abrëll Buergermeeschter zu Miersch. Hien hat déi Funktioun nach eng Kéier vum 11. Juni 1867 bis de 26. Dezember 1878.[2]

Vum Dezember 1868 bis zu senger Demissioun aus gesondheetleche Grënn 1887 war de Joseph Servais Deputéierten an der Chamber.[3]

Den Industriellen änneren

Hien huet de 26. Dezember 1868 als Haaptaktionär d'Zockerfabréck vu Miersch (S.A. Sucrière du Luxembourg) matgegrënnt a gouf hiren Direkter.

Perséinleches änneren

De Joseph Servais, Brudder vum Philippe an Emmanuel Servais war ee vun de fënnef Jonge vum Antoine Servais (1778-1859), deen eng Brennerei nieft dem Servais-Haus zu Miersch bedriwwen huet.

Hien huet sech den 22. November 1858 mat der Caroline Collart (1833-1883) bestuet, der Duechter vum Charles Joseph Collart. D'Koppel hat dräi Kanner: Edmine, Auguste, a Félix.

Referenzen änneren

  1. "D'Industrië vun der Famill Servais" op industrie.lu
  2. 2,0 2,1 (fr)Jules Mersch, Joseph Servais. Bibliographie nationationale Fascicule XX pp.394ss.. luxemburgensia.bnl.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-18.
  3. (fr)Jules Mersch, Joseph Servais. Bibliographie nationationale Fascicule XX pp.399. luxemburgensia.bnl.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-18.