De Félix Servais, gebuer de 26. Mee 1873 zu Miersch a gestuerwen den 10. Februar 1916 an der Gemeng Eech, war e lëtzebuergeschen Affekot, Magistrat an Auteur vun Theaterstécker.

Félix Servais
Gebuer 26. Mee 1873
Miersch
Gestuerwen 10. Februar 1916
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Affekot
Famill
Papp Joseph Servais

Liewen änneren

De Felix Servais huet als Kand seng Eltere verluer an ass bei senger Groussmamm Edmine Collart opgewuess.[1] Nom Stater Atheneum huet hien zu Paräis Droit studéiert. Vun 1898 un huet hien als Affekot an als Geriichtsassistent fir d'Gestioun vu Faillittë geschafft. E puer Joer drop gouf hie Friddensriichter zu Klierf, huet awer scho kuerz dono misse wéinst enger Affaire de moeurs zerécktrieden.

Hie goung op Bréissel an huet do probéiert, als Dichter ze liewen. Veraarmt a krank koum hie kuerz viru sengem Doud hannescht op Lëtzebuerg.

Ier en d'Land verlooss hat, war hien an enger ganzer Rëtsch vu Veräiner engagéiert, wéi dem Touring Club luxembourgeois, dem Vëlos- an Automobilclub La Rapide an an der Union dramatique.

Hie war en Neveu vum Emmanuel Servais.

Wierker änneren

  • Lucine (~1996-98, onverëffentlecht)
  • La Fille de l'Emir (~1996-98, onverëffentlecht)
  • Le duc de Saint-Firmont(fir d'éischt den 11. Mäerz 1906 opgefouert)
  • eng ganz Rëtsch Gedichter, Préfacen a Geleeënheetstexter, wéi z. B. Boutade sur le conte de Mélusine (1898), La bicyclette de Marie (1899), Une foi bretonne (1901), L'artiste (1901), Kermesse Flamande (1902), La Saint-Barthélemy (1905).

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Claude D. Conter: "Félix Servais". am Luxemburger Autorenlexikon.