De Joseph-Nicolas Delisle, gebuer de 4. Abrëll 1688 zu Paräis an do gestuerwen den 11. September 1768, war e franséischen Astronom a Kartograph. Hie war de Jong vum Historiker a Geograph Claude Delisle an de jéngste Brudder vum Kartograph Guillaume Delisle.

Joseph Nicolas Delisle
Gebuer 4. Abrëll 1688
Paräis
Gestuerwen 11. September 1768
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom, Kartograph, Professer, Physiker, Geograph, Wëssenschaftler, Universitéitsprofesser, Iwwersetzer
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften
Delisle Moundkrater(uewen) an Diophantus (ënnen), eng Foto vun Apollo 15

Den Delisle gouf scho 1715 Member vun der Wëssenschaftsakademie a gouf 1725 vum Zar Peter dem Groussen als Akadeemiker oo Sankt Petersburg beruff, wou hien eng Schoul fir Astronomie gegrënnt huet.

Den Delisle huet festgestallt, datt de Reebou duerch d'Brieche vum Sonneliicht an de Waasserdrëpsen an de Wolleken zustane kënnt. Hien huet och un der Berechnung vun der Distanz tëscht Sonn an Äerd geschafft, andeems hien d'Duerchgäng vum Merkur an der Venus observéiert huet. Hien huet och eng Grad-Andeelung vun der Temperatur gemaach, déi no him genannt ass, d'Delisle-Skala.

1738 huet hien e véierbännegt Wierk iwwer d'Geschicht vun der Astronomie geschriwwen.

1747 ass hien nees op Paräis zeréckkomm, wou hien den 11. September 1768 aarm a vergiess gestuerwen ass.

Éierung änneren

No him gouf e Moundkrater Delisle (Moundkrater) an e Bierg Mons Delisle um Äerdmound genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Joseph-Nicolas Delisle – Biller, Videoen oder Audiodateien