Jean-Pierre Pier
lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schoulmeeschter Jean-Pierre Pier. Fir de Mathematiker a Professer vun der Universitéit Lëtzebuerg mam änlechen Numm, kuckt wgl. Jean-Paul Pier. |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jean-Pierre Pier, gebuer den 29. August 1870 zu Mamer, a gestuerwen de 7. Februar 1970 zu Réimech, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.
Jean-Pierre Pier | |
---|---|
Gebuer |
29. August 1870 Mamer |
Gestuerwen |
7. Februar 1970 Réimech |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Schoulmeeschter |
No sengem Studium an der Normalschoul, war de Pier vun 1896 bis 1935 Schoulmeeschter zu Bouneweg. Als Member a President vun der Kierchefabréck war hien aktiv bei de Manifestatiounen an der Par.
De Pier huet 1939 eng Chronik iwwer Bouneweg erausginn, an där hien den Urspronk an d'Entwécklung vum Quartier, déi sozial Struktur vun den Awunner, déi militäresch Evenementer iwwer d'Joerhonnerten, d'Geschicht vum Klouschter an d'Entwécklung vun der Par ënnersicht huet.
Auszeechnungen
änneren- Médail en vermeil am Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1929)[1]
- Als Undenken un de Pier gouf zu Bouneweg eng Strooss (Rue Jean-Pierre Pier) no him genannt[2].
Wierker (Auswiel)
änneren- 1906: “Stand der Dienstwohnungen des Lehrpersonals unserer Primärschulen”, Luxemburg: M. Huss, 14 S.
- 1908: “Das internationale Büreau für Lehrervereine und der Luxemburger Lehrerverein”, Luxemburg: P. Worré-Mertens, 16 S.
- 1939: “Bonneweg in Mittelalter und Neuzeit und seine geschichtlichen Beziehungen zu Hollerich”, Luxemburg: Sankt-Paulus-Dr., 244 S.
- 1950: “Die Bewegung der Bevölkerung in den Gemeinden unseres Landes wärend der letzten hundert Jahre: Von 1847-1947: Nach den Ergebnissen der Volkszählungen”, Separat-Abdruck aus der Zeitschrift: Heimat und Mission, Hefte 2 und 3, Jahrg. 1950
- 1952: “Von der Leproserie und den Zisterzienserinnen in Bonneweg: Beitrag zur Feier des 800. Todestages vom hl. Bernhard, Stifter des Ordens der Zisterzienser”, an: Heimat und Mission
- 1965: “Religiöse Kultstätten in Bonneweg”, an: Marie Notre-Dame, Reine de la Paix: plaquette éditée à l'occasion de la consécration de l'église paroissiale de Bonnevoie, Luxembourg: Impr. St-Paul
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Memorial N°4 vun 1929 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
- ↑ Henri Beck, 1992, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons Stad, Nr 40, S. 36