Jean-Pierre Brasseur (1840)

Proprietär vu Lännereien (1840-1929)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Proprietär Jean-Pierre Brasseur. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean-Pierre Brasseur.

De Jean-Pierre Henri Brasseur, gebuer den 8. Februar 1840 zu Déifferdeng a gestuerwen de 15. November 1929 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e Proprietär vu Lännereien an der Stad[2], westlech vun der Place Winston Churchill.

Jean-Pierre Brasseur
Gebuer 8. Februar 1840
Déifferdeng
Gestuerwen 15. November 1929
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Brasseursweier um Belair, op deem reegelméisseg Schlittschong gefuer gouf, war no him genannt[3][4].

Hien huet sech de 18. Januar 1865 zu Réiden-Atert mat der Anne Bourg (1835–1909) bestuet[1][5]; d'Koppel krut véier Kanner: ? (1866–1866), den Alphonse Christoph (*1866), d'Barbara Aline (1868–1929) an de Mathias Léon (*1871)[5].

Stroosseschëld um Belair.

Éierung

änneren

Fir un de Jean-Pierre Brasseur z'erënneren, gouf um Belair eng Strooss nom him genannt: d'Rue Jean-Pierre Brasseur verbënnt de Boulevard Grande-Duchesse Charlotte mat der Rue Jean Bertholet.[6]

Gielchen

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 (fr)Publicité 8 Page 4.. L'indépendance luxembourgeoise, 59. Jg., nº 319, p. 4. (15.11.1929). Gekuckt de(n) 06.10.2024.
  2. (de)Bauplätze-Versteigerung. Escher Tageblatt, 1933. Jg., nº 29, p. 9. (03.02.1933). Gekuckt de(n) 06.10.2024.
  3. (de)Evy Friedrich, Paul Ruppert, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt. onsstad.vdl.lu (1980). Gekuckt de(n) 06.10.2024.
  4. (de)Der Brasseursweiher. Revue, 16. Jg., nº 7, p. 17. (13.02.1960). Gekuckt de(n) 06.10.2024.
  5. 5,0 5,1 (en)Arbre généalogique. www.familysearch.org. Gekuckt de(n) 06.10.2024.
  6. (fr)Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 06.10.2024.