De Jean-Marie Pelt, gebuer de 24. Oktober 1933 zu Roudemaacher am Departement Moselle a gestuerwen den 23. Dezember 2015 zu Metz[1] war e franséische Pharmakolog, Biolog, Botaniker, Ekolog, Auteur a Politiker.

Jean-Marie Pelt
Gebuer 24. Oktober 1933
Diddenuewen
Gestuerwen 23. Dezember 2015
Vantoux
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Université de Lorraine
Aktivitéit Botaniker, Apdikter

Hie war Maire-adjoint vun der Stad Metz, wou hien och President, bis zu sengem Doud, vum Institut européen d'écologie war, engem Institut fir d'Fuerschung am Beräich vum Ëmweltschutz a virun allem der Promotioun vun der Ekologie.

De Jean-Marie Pelt ass den Auteur vun enger Rëtsch wëssenschaftler Publikatiounen a virun allem Bicher am Beräich vun der Ekologie déi sech un e breede Public riichten.

Biographie änneren

No sengem Doktorat (1958) an der Pharmakologie a weidere Studien an de Wëssenschafte war de Jean-Marie Pelt bis zu senger Pensioun Professer an der Botanik op der Universitéit zu Nanzeg.

Am Laf vu senger Carrière huet hien eng Rëtsch wëssenschaftlech Reesen an Afrika an Asien gemaach, fir déi traditionell lokal Medikamentebicher ze studéieren, sou z. B. am Togo an am Afghanistan.

De Jean-Marie Pelt war Éiereprofesser vun der Universitéit Metz.

Vun 1971 bis 1983 war de Jean-Marie Pelt Maire-adjoint vun der Stad Metz. Hien huet sech besonnesch fir d'Erhalen an d'Renovéierung vum historeschen Zentrum vun der Stad agesat.

Säin Engagement fir den Ëmweltschutz änneren

1971 huet de Jean-Marie Pelt den Institut européen d'écologie gegrënnt, deem säi President hie bis zu sengem Doud war.

Hien huet sech fir déi biologesch Agrikultur a géint d'OGMen agesat.

Hie gouf bekannt duerch seng Dokumentarfilmer op der Televisioun, seng Radiossendungen, seng Konferenzen a seng populärwësssenschaftlech Bicher.

Centre Jean-Marie-Pelt zu Roudemaacher änneren

D'Associatioun Centre Jean-Marie-Pelt zu Roudemaacher gouf 2010 zu Roudemaacher, wou de Jean-Marie Pelt gebuer war, gegrënnt[2] De Centre huet als Zil d'Erhale vum Jean-Marie Pelt sengen Archiven an d'Sensibilisatioun fir den Natur- an Ëmweltschutz an déi nohalteg Entwécklung.

Seng Relatioune mat Lëtzebuerg änneren

Dem Jean-Marie Pelt seng Grousseltere vu senger Mamm hirer an och vu sengem Papp senger Säit ware Lëtzebuerger; si hunn zu Réimech respektiv zu Duelem gewunnt.[3] Hien huet am Laf vu senger Carrière e puermol eng Konferenz zu Lëtzebuerg gehalen, déi lescht den 21. Januar 2015 an der Stad Lëtzebuerg.[4],[5]

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Évolution et sexualité des plantes, éd. Horizons de France, 1970
  • La Médecine par les plantes, éd. Fayard 1981, 1986
  • Le Monde des plantes, collection Petit Point, éd. Seuil, 1993
  • Dieu de l'univers, science et foi, éd. Fayard, 1995
  • Le Jardin de l'âme, éd. Fayard, 1998
  • La Terre en héritage, éd. Fayard 2000
  • Écologie et spiritualité, collectif, Albin Michel, 2006
  • Cessons de tuer la terre pour nourrir l'homme !: Pour en finir avec les pesticides, avec la collaboration de Franck Steffan, éd. Fayard, 2012. ISBN|978-2-213-66310-4
  • Le monde a-t-il un sens ? avec Pierre Rabhi, éd. Flammarion, 2014. ISBN|978-2-213-68186-3

Literatur änneren

  • Fons Theis & Robert Féry, 2016. En hommage au professeur Jean-Marie Pelt. L'esprit est premier. Une vie dévouée au jardinage de la nature et de l'âme humaine. Die Warte 14|2507 vum 28. Abrëll 2016.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Le Monde vum 29. Dezember 2015 S. 16: Jean-Marie Pelt Figure de l'écologie, biologiste, écrivain.
  2. Websäit vum Centre Jean-Marie-Pelt
  3. De J.-M. Pelt an der Aleedung vu senger Konferenz vum 21. Januar 2015 (op YouTube ze héieren).
  4. Websäit vun natur&ëmwelt [1]
  5. Titel vun der Konferenz: Protéger la biodiversité - pour qui et pourquoi ?.