Jean-Jacques Kasel

lëtzebuergesche Jurist an Diplomat

De Jean-Jacques Kasel, gebuer de 17. Januar 1946 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Jurist an Diplomat.

Jean-Jacques Kasel
Gebuer 17. Januar 1946
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Riichter

Zulescht war hien, vum 15. Januar 2008 un, wéi en de Romain Schintgen ofgeléist huet, bis uganks Oktober 2013[1] lëtzebuergesche Riichter um Europäesche Geriichtshaff.

Seng Carrière[2]

änneren
  • Fonctionnaire an der Direktioun Relations économiques internationales am lëtzebuergeschen Ausseministère (1973-1976)[3]
  • Legatiounssekretär bei der lëtzebuergescher Ambassade zu Paräis a bäigeuerdente Vertrieder vu Lëtzebuerg bei der OECD (1976-1979)
  • Cabinetschef vum Ausseminister Gaston Thorn (1979-1981)
  • Stellvertriedende Cabinetschef vum President vun der Europäescher Kommissioun Gaston Thorn (1981)
  • Direkter vum Budget am Generalsekretariat vum Europäesche Ministerrot (1981-1985)
  • Direkter vun de politeschen a kulturellen Affären am lëtzebuergeschen Ausseministère (1986-1992)
  • Ambassadeur fir Griicheland (mat Residenz zu Lëtzebuerg) (1989)
  • Stännege Vertrieder vu Lëtzebuerg beim Europäesche Ministerrot (1992-1993), an du vum Ministerrot vun der Europäescher Unioun (1993-1998)
  • Ambassadeur an der Belsch a stännege Vertrieder vu Lëtzebuerg bei der NATO (1998-2002)
  • Haffmarschall (2002-2007)
  • Member vum Europäesche Geriichtshaff (2008-2013)

Gielercher

änneren

Referenzen

änneren
  1. "Appel a candidature fir Successioun vum Jean-Jacques Kasel." RTL.lu - 22.03.2013, 17:13 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.03.2013, 17:25.
  2. Säit mat der Presentatioun vun de Membere vun der Cours de Justice vun der EU
  3. European Navigator:http://www.ena.lu/
  4. Memorial B n° 52 vun 1998 mat der Lëscht vun de Leit déi 1998 eng national Auszeechnung kritt hunn