D'Missioun TIMED (englesch: Thermosphere Ionosphere Mesosphere Energetics and Dynamics) ass e Projet, fir d'Dynamik a besonnesch den Afloss vun der Sonn a vun de Mënschen an der Mesosphär souwéi an der ënneschter Thermosphär vun der Äerdatmosphär z'ënnersichen.

TIMED
De Fuerschungssatellit TIMED
Typ Fuerschungssatellit
Land  USA
Agentur NASA
COSPAR-Bezeechnung 2001-055B
Apogeum 615 km
Perigeum 612 km
Bunnschréi 74,1°
Mass 660 kg
Bunn-Ëmlafzäit 96,7 min
Exzentrizitéit
Start 7. Dezember 2001, 15:07 UTC
Startplaz Vandenberg SLC-2W
Drorakéit Delta II 7920-10
Status nach a Betrib (23.01.2015)

De 660 kg schwéiere Satellit gouf zesumme mam Jason 1 u Bord vun enger Delta-7920-Rakéit vun der Vandenberg Air Force Base a Kalifornien de 7. Dezember 2001 gestart. D'Missioun war fir eng Dauer vun zwee Joer geplangt, gouf awer ëmmer nees verlängert, fir d'lescht am Oktober 2010 bis an d'Joer 2014. De Projet gëtt vun der NASA finanzéiert a geleet, wougéint de Satellit vum AP-Laboratoire vun der Johns Hopkins Universitéit vu Baltimore am Maryland entworf a gebaut gouf.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren