James E. Gunn

US-amerikaneschen Astrophysiker

Den James Edward Gunn, gebuer den 21. Oktober 1938 ass en US-amerikaneschen Astrophysiker. Hien ass Eugene Higgins Professor of Astronomy op der Princeton Universitéit.

James E. Gunn
Gebuer 21. Oktober 1938
Nationalitéit USA
Educatioun California Institute of Technology
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, International Astronomesch Unioun

De Gunn hat 1966 um California Institute of Technology zum Ph.D. promovéiert.

Hien huet iwwer Galaxiëgenesis an Donkel Matière gefuerscht an huet Pläng fir den Asaz vun Digitalkamerae fir d'astronomesch Fuerschung entwéckelt, e Projet, deen zum Sloan Digital Sky Survey gefouert huet.

De 17. Oktober 1970 huet hien de kuerzperiodesche Koméit 65P/Gunn entdeckt.[1]

Literatur änneren

  • Richard Preston, First Light, New York: Atlantic Monthly Press, c1987, ISBN 0-87113-200-1 (Dt.: Das erste Licht: Auf der Suche nach der Unendlichkeit, aus dem Englesche vun der Ilse Utz, Droemer Knaur, München 2002, ISBN 3-426-27011-0). An dësem Buch, dat an den USA Kultstatus hat, gëtt de Preston eng lieweg a pakend Duerstellung vum James Gunn an den aneren Astronomen déi deemools um Hale-Teleskop am Palomar-Observatoire geschafft hunn.

Auszeechnungen änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. 65P at Kronk's Cometography