Jacques Steiwer
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jacques Steiwer, gebuer den 23. Oktober 1939 zu Nidderfeelen, ass e lëtzebuergesche Professer, fréieren Direkter vun den Europaschoule vu Varese a Bréissel III an Auteur vu philosophesche Bicher an Artikele souwéi vu sozialkritesche Romaner.
Jacques Steiwer | |
---|---|
Gebuer |
23. Oktober 1939 Nidderfeelen |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Philosoph, Lycéesprofesser, Schouldirekter |
2010 huet hie säin éischte Roman, Mort d'un Nietzschéen, publizéiert. Am September 2012 koum da bei den Éditions Phi de Kriminalroman Du gâchis chez les Luxos eraus. Am selwechte Verlag sinn zanterhier nach eng ganz Rëtsch aner Romaner erauskomm.
Formatioun a Karriär
ännerenNo sengem Secondaire am Dikrecher Kolléisch huet de Jacques Steiwer Philosophie a Literatur an der Stad (op den deemolege Cours supérieurs) an zu Paräis op der Sorbonne studéiert. Zu Paräis ass en och a Virliesungen um Collège de France gaangen.
Nieft sengem Studium huet de Jacques Steiwer 1960-1962 ee Praktikum am neuropsychiatresche Spidol Sainte-Anne zu Paräis gemaach.
Am Kader vu sengem Stage pédagogique (1962-1964) huet hien 1962/63 a Paräisser Lycéeë Course ginn, an 1963/64 am Stater LGL. 1964 huet en du seng Dokterthees (am deemolege System vun der Collation des grades) verdeedegt. Seng Dissertatioun (164 Säiten) hat den Titel Essai d'une analyse de la transcendantalité (dans l'optique d'une métaphysique des strates).
1964-1965 huet e säin obligatoresche Militärdéngscht gemaach, an duerno war e bis 1968 als Philosophieprofesser am Escher Jongelycée beschäftegt. Duerno goung en op Bréissel, wou en an der Europaschoul Bréissel I zu Uccle, weiderhi Philosophieprofesser war.
1993 gouf en Direkter vun der Europaschoul zu Varese, an der Lombardei; a vun 1999 bis 2004 war en Direkter vun der Europaschoul Bréissel III zu Ixelles.
Wierker (Auswiel)
änneren- Angelika chez les Luxos; Éditions Phi, Déifferdeng, 2014, 240 S. ISBN 978-99959-851-8-9
- Du gâchis chez les Luxos; Éditions Phi, Déifferdeng, 2012, 448 S. ISBN 978-2-87964-196-6
- Une morale sans dieu; Éditions L'Harmattan, Paräis, 2011, 158 S. ISBN 978-2-296-56537-1
- Mort d'un Nietzschéen; Éditions L'Harmattan, Paräis, 2010, 262 S. ISBN 978-2-296-11348-0
- Vers une théorie de la connaissance systémique; Éditions L'Harmattan, Paräis, 2010, 128 S. ISBN 978-2-296-12379-3
- De la démocratie en Europe; Éditions L'Harmattan, Paräis, 2008, 262 S. ISBN 978-2-296-05335-9
Literatur
änneren- Claude Conter, Germaine Goetzinger, asw., www.autorenlexikon.lu, respektiv www.dictionnaire-auteurs.lu; Miersch, Lëtzebuerger Literaturarchiv.
- Reuter, Raymond: 100 Lëtzebuerger rondrëm d'Welt, S. 184: Jacques Steiwer, Éditions Luxnews, 2003 ISBN 2-9599932-2-5
- J.-P.-R. Strainchamps, Cent cinquante ans de dissertations élaborées dans le cadre du stage ou de la formation continue des professeurs (...); Lëtzebuerg, Courrier de l'éducation nationale, Numéro spécial - Mai 1988; S. 228.
Um Spaweck
ännerenCommons: Jacques Steiwer – Biller, Videoen oder Audiodateien |