Spaut
Spaut (lat.: saliva) ass eng Flëssegkeet am Mond vum Mënsch an an der Maul vu villen Déieren.
Produktioun
ännerenDe Spaut gëtt an de Spautdrüsen an der Mondhiel produzéiert. Do gëtt et déi dräi grouss Kappspautdrüsen, déi et jee duebel gëtt. Si leien ënnert den Oueren (glandula parotis), der Zong (glandula sublingualis) an un der banneschter Säit vum ënneschte Gebéck (glandula submandibularis). Zousätzlech gëtt et vill kleng Spautdrüsen, déi iwwer déi ganz Mondschläimhaut verdeelt sinn.[1]
Ronn 90 % vum Spaut ginn an de grousse Kappspeicheldrüse produzéiert, de Rescht an de klengen Drüsen.[1]
Am Duerchschnëtt produzéiert de mënschleche Kierper ongeféiert en hallwe bis ee Liter Spaut den Dag. [2] E gëtt bal nonstop produzéiert, souguer am Rouzoustand. Daagsiwwer a wärend dem iesse gëtt awer fënnefmol méi Spaut produzéiert. Nëmme wärend dem Schlofe gëtt sou gutt wéi kee Spaut produzéiert.[1] E Rand dogéint produzéiert tëscht 80 an 180 Liter Spaut pro Dag.[3]
Funktioun
ännerenDe Spaut hält d'Mondhiel fiicht. Dat mécht d'Schlécken, d'Schmaachen a beim Mënsch och d'Schwätze méiglech, a beaflosst och d'Richen. Donieft huet en eng antibakteriell Wierkung an den Histatin am Spaut fërdert d'Heele vu Wonnen.[3]
Schonn zënter 1831 ass bekannt, datt de Spaut och Steif ofbaut. E léist déi léislech Substanzen an den Narungsmëttelen op, vermëscht sech mat dem dréchenen Iessen zu engem fiichte Bräi, deen an där Konsistenz ofgeschléckt ka ginn a fir d'Verdauung am Mo gëeegent ass. Schliisslech leet en duerch säi Gehalt u Ptyalin d'Verdauung vun de Kuelenhydrater an. Déi Funktioun vum Spaut huet awer net ëmmer eng physiologesch Bedeitung, well de Ptyalin knapps Zäit huet, fir seng Wierkung ze entfalen, bis et am sauere Mo schonn erëm desaktivéiert gëtt.[4]
Spaut ass wichteg, fir d'Zänn gesond ze halen. Patienten, déi zum Beispill wéinst enger Stralentherapie manner Spaut produzéieren, sinn engem vill méi héije Risiko ausgesat, Karies ze entwéckelen.[2]
Bei den Déieren, déi idderzen hält de Spaut d'Fettsaieren, déi duerch d'Gärung an der Panz entstinn, op engem neutralen Niveau.[3] Wann net genuch geknat gëtt, kann de Contenu vun der Panz sauer ginn (Pansenazidose) a seng Wänn kënne Gëftstoffer duerchloossen.
Zesummesetzung
ännerenSpaut besteet aus verschiddene Sekreter. Beim Spaut vum Mënsch sinn nieft dem Waasser (99,5 %) déi wichtegst Bestanddeeler Elektrolyte wéi Natrium a Kalium, a Schläimstoffer. Donieft fënnt een am Spaut och déi ofgestoussen Zelle vun der Mondschläimhaut a Bakterien. Et kënnen och Spuere vu Blutt am Spaut sinn.[1]
Am Spaut vun Déiere kënnen Erreeger sinn, déi beim Mënsch Hautinfektiounen, Bluttvergëftungen oder Longenentzündungen ervirruffen. Reptiller droen dacks Salmonellen, déi beim Mënsch Duerchfall ausléise kënnen.[5]
Spaut huet keng Faarf.
Trivia
ännerenSpäizen ass en heftegt Erausschleidere vu Spaut aus dem Mond.
D'Sekret vun der Bauchspeicheldrüs gëtt trotz dem Numm net als Spaut bezeechent.[6]
Um Spaweck
ännerenCommons: Spaut – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 aok.de: Wie entsteht Speichel, und warum ist er wichtig? (23. Mäerz 2023)
- ↑ 2,0 2,1 flexicon.doccheck.com: Speichel
- ↑ 3,0 3,1 3,2 DocCheck Flexikon: Speicheldrüse (Veterinärmedizin)
- ↑ DocCheck Flexicon: Ptyalin
- ↑ haustierarzt.info: Tierspeichel – eine Gefahr für Menschen?
- ↑ DocCheck Flexikon: Speicheldrüse (Veterinärmedizin)