Ismenius Lacus (Gradsecteur)

De Gradsecteur Ismenius-Lacus gehéiert zu den 30 Gradsecteure vum Mars. Si goufe vum USGS festgeluecht. D'Nummer ass MC-5, de Gradsecteur ëmfaasst e Gebitt vun 300° bis 360° westlecher Längt a vun 30° bis 65° südlecher Breet.

Kaart vum Ismenius Lacus / Mars Orbiter Laser Altimeter (MOLA)-Daten.
(héich ass rout an niddreg ass blo).
Koordinaten: 47,5°N 330°W
Bild vum Ismenius Lacus Gradsecteur
(MC-5). Den nërdleche Beräich huet vill Flaachland; den zentrale Beräich, Mesaen a Koppen an am südleche Beräich, vill Kratere.

Numm änneren

Den Numm staamt vun der Bezeechung vun enger Albedoformatioun am Beräich vu 40°N an 30°W um Mars, d'Géigend gouf nom laténgesche Wuert fir de Séi Ismenius gewielt. Ismenia ass de poeteschen Numm fir Theben.[1]

Geographie änneren

De Gradsecteur deckt eng Fläch vun zirka 4,9 Millioune km² of, ongeféier 3 % vun der Marsuewerfläch.[2] De Gradsecteur besteet aus zwéin Deeler, den Deuteronilus Mensae an den Protonilus Mensae, zwou Flächen, déi fir d'Wëssenschaftler besonnesch intressant sinn, well si Beweiser fir fréier resp. aktuell glazial Aktivitéiten enthalen. Gläichzäiteg ass d'Landschaft eenzegaarteg um Mars a gëtt am englesche Fretted Terrain genannt. De gréisste Krater ass de Lyot an deem senge Kanäl méiglecherweis Waasser ass.[3][4] Och de gréissten Ausflossdall de Mamers Valles läit do.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Ismenius Lacus – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen änneren

  1. Davies, M.E.; Batson, R.M.; Wu, S.S.C. „Geodesy and Cartography“ in Kieffer, H.H.; Jakosky, B.M.; Snyder, C.W.; Matthews, M.S., Eds. Mars. University of Arizona Press: Tucson, 1992.
  2. Approximated by integrating latitudinal strips with area of R^2 (L1-L2)(cos(A)dA) from 30° to 65° latitude; where R = 3889 km, A is latitude, and angles expressed in radians. See: https://stackoverflow.com/questions/1340223/calculating-area-enclosed-by-arbitrary-polygon-on-earths-surface.
  3. J. Carter, F. Poulet, J.-P. Bibring, and S. Murchie. Detection of Hydrated Silicates in Crustal Outcrops in the Northern Plains of Mars. Science, 2010; 328 (5986): 1682–1686
  4. http://www.jpl.nasa.gov/news.cfm?release=2010-209