Ënner der Bezeechnung Sing by foot[1] bitt d'INECC Lëtzebuerg zanter dem Hierscht 2011 zu Lëtzebuerg Atelieren un, bei deene Wanderen a Gesank kombinéiert ginn. D'Initiativ gouf vum Christian Ries a vum Camille Kerger an d'Liewe geruff.

Titelblat vum Libretto Nr.3 zum Theema Protest- a Revolutiounslidder.

D'Ateliere sinn an deene verschidde Regioune vum Land verdeelt a ginn an Zesummenaarbecht mat lokalen a regionalen Organisatiounen organiséiert.

Reegelméisseg ginn nei thematesch Programmer ausgeschafft:

  • 2011: World music
  • 2012: Operette vum Dicks
  • 2012: Protest- a Revolutiounslidder
  • 2013: Dësch- a Gedrénkslidder
  • 2013: Op de Spure vum Poet Tit Schroeder

Um Spaweck änneren

Notten änneren

  1. Literaresch aus dem Engleschen iwwersat: "zu Fouss sangen".