De Konrad Zuse, gebuer den 22. Juni 1910 zu Berlin, a gestuerwen den 18. Dezember 1995 zu Hünfeld bei Fulda, war en däitschen Ingenieur a Computer-Pionéier. Hie gëllt als den Erfinder vum éischte funktiounsfäege Computer.

Konrad Zuse
Gebuertsnumm Konrad Ernst Otto Zuse
Gebuer 22. Juni 1910
Berlin
Gestuerwen 18. Dezember 1995
Hünfeld
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Erfinder, Entreprener, Informatiker, Ingenieur, Bauingenieur
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Akademischer Verein Motiv Berlin
Den eenzege voll funktiounsfäegen Z22, haut am Zentrum für Kunst und Medientechnologie zu Karlsruhe

Zu Berlin gebuer, studéiert de Konrad Zuse op der Technischen Hochschule Berlin-Charlottenburg fir d'éischt Maschinnebau, dann Architektur a schliisslech Bauingenieurswiesen. Nieft senger Aarbecht als Statiker bei den Henschel-Flugzeugwerken huet hien 1938 den elektresch ugedriwwene mechanesche Computer Z1 mat begrenzter Programméierméiglechkeete gebaut, dee Befeeler vu Lachsträifen ofgelies huet. Allerdéngs huet déi Maschinn wéinst der Onzouverlässegkeete vun hire Baudeeler net richteg funktionéiert. Zwee Joer drop realiséiert hien den Z2, eng verbessert Versioun mat Hëllef vun Telefonsrelaisen a grënnt seng eege Firma "Zuse Apparatebau".

Mat der Z3 baut den Zuse 1941 deen éischte wierklech funktiounsfäegen a fräi programméierbare Computer. Déi Maschinn mat sengem Späicher an Zentralrecheneenheet aus Telefonsrelaisen huet um binären Zuelesystem baséiert a gëllt haut als den éischte Computer vun der Welt. D'Z3 stoung un de Grenze vun den theoreeteschen Ufuerderunge vun der Turingmaschinn gerecht ze ginn. Dëst konnt 1998 bewise ginn.

Seng Firma an d'Z3 goufen am Zweete Weltkrich, 1945 vun enger Bomm getraff a vollkommen zerstéiert. Déi zum Deel schonn fäerdeg gebauten Z4 konnt awer nach mat Zäit a Sécherheet bruecht ginn. Si gouf spéider op der ETH Zürich installéiert a war zu deem Zäitpunkt deen eenzege funktiounsfäege Computer an Europa. Wärend dem Krich huet den Zuse d'Plankalkül, déi éischt universell Programméiersprooch vun der Welt entworf, déi awer eréischt am Joer 2000 op den deemolege Computeren implementéiert konnt ginn.

Nom Krich 1949 grënnt den Zuse schliisslech "Zuse KG", déi puer Joer drop 1200 Leit beschäftegt an deen éischte kommerzielle Seriecomputer vun der Welt hierstellt. Bis 1967 goufen am Ganzen 251 Computere gebaut, ënner anerem Z22, deen éischte Computer mat Magnéitspäicher. 1964 verléisst hien d'Firma, déi spéider wéinst wirtschaftleche Schwieregkeete vu Siemens iwwerholl gëtt. Hie widmet sech verstäerkt der Hobbymolerei a stierft 1995 am Alter vun 85 Joer am ost-hesseschen Hünfeld.

De Konrad Zuse huet eng ganz Rëtsch vun Auszeechnungen an akadeemesch Titele fir seng Verdéngschter kritt. No him sinn zwou Medaile benannt, déi ënner anerem vun der "Gesellschaft für Informatik" fir besonnesch Leeschtungen um Gebitt vun der Informatik vergi ginn.

Een nogebaute Modell vu senger Z3 steet haut am däitsche Musée zu München, ee weideren Nobau vun der Z1 ass am däitschen Technikmusée zu Berlin. Eng restauréiert a voll funktiounsfäeg Z22 mat der Seriennummer 13 ass dem "Zentrum für Kunst und Medientechnologie" zu Karlsruhe am Mäerz 2005 iwwergi ginn.

Literatur änneren

  • Rojas, Paul: Die Rechenmaschinen von Konrad Zuse, 1998, Springer Verlag, 221 S.
  • Alex, Jürgen; Flessner, Hermann; Mons, Wilhelm: Konrad Zuse, 2000, Parzeller Verlag, 264 S.

Um Spaweck änneren

Commons: Konrad Zuse – Biller, Videoen oder Audiodateien