Hardware
Hardware ass en allgemenge Begrëff, deen haaptsächlech an der Informatik gebraucht gëtt. Dorënner versteet een déi physesch a materiell Komponente vun engem Computer oder engem Computersystem.
Beispiller vun Hardware: Bildschierm, Clavier, Maus, Haut-Parleur, Lafwierk, Computerkaarten asw.
Nieft der Hardware brauch een och Software, fir mat engem Computer oder an engem Computersystem schaffen ze kënnen. Dat sinn déi immateriell Komponente wéi Betribssystem, Programmer an aner Donnéeën, déi net physesch erfaasst kënne ginn.
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: Hardware – Biller, Videoen oder Audiodateien |