Ilhas Desertas

portugisesch Insel

D'Ilhas Desertas (Portugisesch fir verloossen Inselen) bilden en Archipel vun e puer klengen Inselen, südëstlech vu Madeira, déi, wéi och Madeira, (geopolitesch) zu Portugal gehéieren.

Ilhas Desertas
Geographie
Land Portugal
Läit an/am Atlanteschen Ozean
Koordinaten 32°32'46"N, 16°31'31"W
Fläch 14,21 km²
Verwaltung
Verwaltungseenheet Madeira
Demographie
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC±0
Loftbild

Beschreiwung änneren

D'Ilhas Desertas gehéieren zu der Gemeng Santa Cruz am Landkrees ma selwechten Numm.

Am ganzen hunn d'Inselen eng Fläch vu 14,21 km² an eng maximal Héicht vu 442 m.

Ausser enger biologescher Fuerschungsstatioun sinn d'Inselen onbewunnt. Si stinn zanter 1990 ënner Naturschutz, a sinn zanter 1995 en Naturreservat. Et däerf een dann och nëmme mat enger Autorisatioun fir Fuerschungen op d'Inselen, dat, fir déi zwou Dose Robbe vun der Aart Monachus monachus ze schützen, déi do liewen, a vun deenen et op der Welt nach just ronn 350 Exemplare gëtt. Och aner rar Déieren- a Planzenaarte kommen op den Insele vir, wourënner d'Blumm Sinapidendron sempervivifolium déi do endeemesch ass.

Lëscht vun en Inselen änneren

 
Kaart vun den Ilhas Desertas vun 1851
Insel
vun Norden no Süden
Fläch
[km²]
Héicht
[m]
Prego do mar
(Ship Rock)
0,0003 49
Ilhéu Chão 1 98
Deserta Grande 10 442
Bugio 3 348
Desertas 14,21 442

Literatur änneren

  • Secretaria Regional do Ambiente e dos Recursos Naturais (Ed.): As Ilhas Desertas/The Desert Islands, 2. Oplo 2007, ISBN 972-98431-6-3.

Um Spaweck änneren

Commons: Ilhas Desertas – Biller, Videoen oder Audiodateien