D'Departement Seine ass e fréiert franséischt Departement, dat aus Paräis an enger Ceinture vu Gemenge ronderëm bestoung. Seng Préfecture war zu Paräis, an et hat 75 als offiziell Nummer. Et gouf 1968 opgeléist.

D'Departement Seine an den 1860er Joren, ier et vergréissert gouf
D'Departement Seine a seng 81 Gemenge vun 1929 bis 1968. (D'Faarwe weise wéi et herno opgedeelt gouf).
D'Seine an d'Seine-et-Oise ginn opgeléist an a 7 nei Departementer opgedeelt.

Geschicht änneren

D'Departement Seine gouf de 4. Mäerz 1790 als Département de Paris grënnt. 1795 gouf et an Département de la Seine ëmgenannt, no der Seine déi doduerch leeft. Vun 1929, bis et opgeléist gouf, bestoung et aus der Stad Paräis an 80 selbstännege Gemenge ronderëm. Et hat eng Fläch vun enger 480 Quadratkilometer a war an 3 Arrondissementer agedeelt: Paräis, Sceaux a Saint-Denis.

Well d'Departement vun der Awunnerzuel hier ze grouss gi war, gouf decidéiert, et opzedeelen. Aus den zwee Departementer Seine a Seine-et-Oise, dat ronderëm louch, goufen op den 1. Januar 1968 7 nei Departementer geschaf, wourënner der véier aus dem Departement Seine: Paräis (75), Hauts-de-Seine (92), Seine-Saint-Denis (93) a Val-de-Marne (94). Déi dräi leschtgenannten hunn och Gemengen aus dem fréiere Seine-et-Oise mat bäikritt.