Il Gattopardo
Il Gattopardo ass en italieenesch-franséische Film vum Luchino Visconti aus dem Joer 1963 nom Roman mam selwechten Numm vum Giuseppe Tomasi di Lampedusa.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Italien Frankräich |
Produktiounsjoer | 1959 |
Première | 1963 |
Dauer | 183 min |
Faarf | Faarweg |
Technicolor | |
Format |
2,20:1 - 70 mm - Super Technirama 70 2,35:1 - |
Filmformat | 35 mm |
Originalsprooch |
Italieenesch Franséisch Latäin |
Ekipp | |
Regie | Luchino Visconti |
Dréibuch |
Suso Cecchi D'Amico Pasquale Festa Campanile Enrico Medioli Massimo Franciosa Luchino Visconti no engem Roman vum Giuseppe Tomasi di Lampedusa |
Fotografie | Giuseppe Rotunno |
Musek |
Nino Rota Giuseppe Verdi |
Schnëtt | Mario Serandrei |
Dekoren | Mario Garbuglia |
Costumedesign | Piero Tosi |
Produzent |
Goffredo Lombardo Titanus Société Nouvelle Pathé Cinéma Société Générale de Cinématographie (S.G.C.) |
Produktiouns- gesellschaft | Titanus |
Schauspiller | |
Burt Lancaster als Principe Don Fabrizio di Salina Alain Delon als Tancredi di Falconeri Claudia Cardinale als Angelica Sedara Paolo Stoppa als Don Calogero Sedara Mario Girotti als Conte Cavriaghi Conte Cavriaghi als Francesco Paolo di Salina Rina Morelli als Principessa Maria Stella di Salina Pierre Clémenti als Francesco Paolo Lucilla Morlacchi als Concetta Romolo Valli als Padre Pirrone Giuliano Gemma als Generol Ida Galli als Carolina Serge Reggiani als Don Francisco Ciccio Tumeo Ottavia Piccolo als Caterina ivo Garrani als Pallavicino Leslie French Lou Castel Franco Fabrizi Lando Buzzanca | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenWéi 1860 de Giuseppe Garibaldi mat sengen Truppen op Sizilie lant fir déi onbeléift Herrschaft vun de Bourbonen op en Enn ze bréngen, erkennt de Fürst vu Salina (Burt Lancaster) datt eng Entwécklung asetzt déi net méi ze bremsen ass. Säin Neveu Tancredi (Alain Delon) schléisst sech dem Garibaldi senger Arméi un. Dernieft verléift hie sech och an déi biergerlech Angelica Sedara (Claudia Cardinale). Zum Schluss vum Film gëtt d'Angelica op engem grousse Bal an déi adeleg Gesellschaft agefouert.
Herrlech Zeenen am Film sinn:
- D'Arrivée vun de Fürste vu Salina bei der Kierch an der Summerresidenz an den Te deum duerno an der Kierch.
- De grousse Bal zum Schluss vum Film, deen am Palazzo Gangi-Valguarnera zu Palermo gefilmt gouf. Onvergiesslech ass déi Zeen wou den ale Fürst vu Salina, deen nach eng Kéier oplieft, mat der jonker Angelica Sedara eng Walz danzt.
Auszeechnungen
änneren- 1963: Palme d'or um Festival vu Cannes
Blu-ray Disc
änneren2010 ass bei Koch Media de Film op Blu-ray an enger restauréierter Fassung vun 186 Minutten an der italieenescher an och an der däitscher Fassung erauskomm.