Den Idi Amin Dada oder einfach Idi Amin, gebuer Mëtt der 1920er Joren am Uganda a gestuerwen de 16. August 2003 am Exil zu Jeddah, war den drëtte President vum Uganda a vun 1971 bis 1979 un der Muecht.[1] Den Amin ass 1946 an déi brittesch Kolonialarméi gaangen an huet a Somalia an am Kenia gedéngt. Schlussendlech ass hie bis zum Generalmajouer an der post-kolonialer ugandescher Arméi eropgeklommen an ass Kommandant ginn, éier hien an engem Staatsstreech am Januar 1971 de President Milton Obote gestierzt a selwer d'Muecht geholl huet. Spéider, wéi hie Staatschef war, huet hie sech selwer zum Feldmarschall erhuewen.

Idi Amin
Gebuer 1923
Kampala
Gestuerwen 16. August 2003
Doudesursaach keng
Nationalitéit Uganda, Saudiarabien, Uganda
Aktivitéit Politiker, Offizéier, Boxer, Militärwiesen
Partei Onofhängeg

Dem Amin seng Regentschaft war vu Mënscherechtsverletzungen, politescher Ënnerdréckung, ethnescher Verfollgung, Korruptioun, Nepotismus a ganz schlechtem wirtschaftleche Management gezeechent. Et gëtt geschat, datt tëscht 100.000 a 500.000 Leit ënner sengem Regime ëmbruecht gi sinn.[1],[2]

A senger Ufankszäit als President war den Amin e Frënd vum Westen an hat bedeitende Support aus Israel, éier seng Loyalitéit dem libesche Regent Muammar al-Gaddafi, dem Mobutu Sese Seko aus dem Zaire (der haiteger Demokratescher Republik Kongo), der Sowjetunioun an Ost-Däitschland gegollt huet. 1975 ass den Amin President vun der Organisatioun vun der afrikanescher Eenheet ginn, enger pan-afrikanescher Grupp déi d'Solidariéit ënner den afrikanesche Staate sollt fërderen. Wéi Groussbritannien 1977 d'diplomatesch Relatioune mam Uganda ofgebrach huet, huet den Amin erkläert, hien hätt d'Brite bezwongen an huet sengem Titel "CBE" bäigefügt, fir Conqueror of the British Empire ("Eruewerer vum Brittesche Räich"). Den Titel, deen hie sech schlussendlech selwer erfonnt hat, war: Seng Exzellenz, President op Liewenszäit, Feldmarschall Al Hadji Dokter Idi Amin Dada, VC, DSO, MC, Här iwwer all Béischt op der Äerd a Fësch am Waasser an Eruewerer vum Brittesche Räich an Afrika am Allgemengen a besonnesch vum Uganda.[3]

Meenungsverschiddenheeten am Uganda an dem Amin säi Versuch, 1978 déi tansanesch Provënz Kagera z'annexéieren huet zum Krich tëscht dem Uganda an Tanzania (1978-79) gefouert an dem Niddergang vu senger aachtjäreger Regentschaft. Den Idi Amin ass doropshin a Libyen a spéider a Saudiarabien geflücht, wou hien 2003 gestuerwen ass.[1]

Commons: Idi Amin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 The Guardian: Orbituary: Idi Amin (18. August 2003)
  2. Richard H. Ullman an der Zäitschrëft "Foreign Affairs": Human Rights and Economic Power: The United States Versus Idi Amin (Abrëll 1978)
  3. op Englesch: His Excellency, President for Life, Field Marshal Al Hadji Doctor Idi Amin Dada Lord of All the Beasts of the Earth and Fishes of the Seas and Conqueror of the British Empire in Africa in General and Uganda in Particular