Arp 220

Infraroutgalaxis
(Virugeleet vu(n) IC 4553)

Den Arp 220 (IC 4553, UGC 9913) ass dat der Äerd noost Beispill vun enger ultraliichtkräfteger Infraroutgalaxis, mat méi wéi 1012 Sonneliichtkraaften. Arp 220 steet bei Rektaszensioun 15h34m57,1s, Deklinatioun +23d30m11s (Equinoxe J2000.0) op enger Distanz vu ronn 75 Megaparsec.

HST-Foto vum Arp 220 am siichtbare Liicht
HST-Foto vum Arp 220 am noen Infrarout

Den Halton Arp hat dës Galaxis mat der Nummer 220 a sengem Atlas vun ongewéinleche Galaxien opgeholl. Schwaach Schleefen an Äerm an déiwen optesche Fotoen nieft der eigentlecher Galaxis loossen unhuelen, datt si duerch Fusioun vun zwou Galaxien entstanen ass. Als aussergewéinlech gouf den Arp 220 an den 1980er duerch Miessunge vum Infraroutteleskop IRAS erkannt. Seng Liichtkraaft ass méi grouss wéi bei normale Galaxien a verflitt zum gréissten Deel am wäiten Infrarout - bal honnert mol méi bei Wellelängten ëm 100 µm wéi am bloe Liicht bei 0,5 µm. D'Kärgebitt vun Arp 220 ass duerch Stëbs verstoppt, deen d'Liichtkraaft vu senger eigentlecher Energiequell a sech ophëlt an am wäiten Infrarout erëm ausstraalt.

An der siichtbarer Foto vum Hubble-Weltraumteleskop ass d'Kärgebitt vum Arp 220 ganz hanner décke Stëbsträife verstoppt. Vill jonk hell Stärekéip weisen awer och hei op ongewéinlech Eegenschaften hin. D'Foto vum Hubble-Weltraumteleskop am noen Infrarout dréngt besser duerch de Stëbs a weist déi nach net ganz fusionéiert Kärregioune vun deenen zwou Ausgangsgalaxien. Awer och hei sinn déi am déifsten am Stëbs agebett Regiounen nach net ze gesinn. Ënnersich mat dem Infrared Space Observatory am mëttleren Infrarout a mat VLBI am Radioberäich weisen, datt si e staarken Starburst enthalen, awer och e Bäitrag vun engem aktive galaktesche Kär kann net ausgeschloss ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Arp 220 – Biller, Videoen oder Audiodateien