Ënnerzwerge si Stären, déi am Verglach zu „normale“ Stäre bei der selwechter Temperatur (eigentlech Effektivtemperatur) däitlech méi liichtschwaach sinn.

Hertzsprung-Russel-Diagramm

Astronomesch korrekt ausgedréckt leien Ënnerzwergen am Hertzsprung-Russell-Diagramm ongeféier 1-2 Magnituden ënner der Haaptrei. Et ënnerscheet een dobäi kill a waarm Ënnerzwergen, déi an zwou komplett verschiddene Klasse sinn an deenen hir Memberen a ganz verschiddenen Entwécklungsstadie sinn. Bei béide Klassen däerf aus der Positioun am Hertzsprung-Russell-Diagramm net un eng intrinsesch Liichtschwächt geduecht ginn; si besidelen nëmmen e Beräich nieft der Haaptrei.

Kill Ënnerzwergen änneren

Déi Stäre si vum Spektraltyp G bis M respektiv sdG bis sdM. Se si metallaarm, awer och Haaptreiestären. Wéinst dem niddrege Metallgehalt ännert sech d'Absorptiounsverhale vum Stärkär an domat den Energietransport am Stär. Dat huet zum Schluss Auswierkungen op d'Struktur a sou och dorop wat fir e Radius, wat fir eng Liichtkraaft a wat fir eng Effektivtemperatur e Stär mat enger gewëssener Mass huet. Wann een elo „normal“ Zwergstäre mat enger bestëmmter Mass mat Ënnerzwerge vergläicht, da ginn Ënerzwerge méi waarm (dat heescht si wanderen no lénks am Hertzsprung-Russell-Diagramm) a gläichzäiteg méi hell (dat heescht si wanderen nees no uewen zu der Haaptrei hin), se gi just net hell genuch, fir nees op déi normal Haaptrei ze kommen. Sou bilden Ënnerzwergen eng eegen Haaptrei ënner der gewinntener a gi fälschlecherweis als liichtschwaach bezeechent.

Kill Ënnerzwerge sinn am Allgemenge ganz al sougenannt Populatioun II-Stären. E Beispill fir deen Typ ass de Kapteyns Stär.

Waarm oder blo Ënnerzwergen änneren

Dës Stäre si vum Spektraltyp O oder B, dann och sdO, sdOB oder sdB genannt, an entspriechend méi waarm wéi 10000 K. D'Natur vun dëse Stären ass nach ëmmer net ganz kloer, awer d'Wësseschaft geet am Moment dovun aus, datt et sech ëm heliumbrennend Stären handelt, déi nëmmen eng ganz dënn Waasserstoffhüll hunn. Normalerweis brennt e Stär nom Roude Ris-Stadium Helium ënner enger masseräicher Waasserstoffschuel. Waarm Ënnerzwerge sinn, (nom leschte Stand an der Fuerschung), d'Käre vu sou Stären, déi awer hir Hüll verluer hunn.

Am Verglach zu Stäre vun der Haaptrei sinn dës Stäre ganz anescht opgebaut a stinn dofir op enger anerer Plaz am Hertzsprung-Russell-Diagramm; an dësem Fall ass hir Positioun lénks ënne vun der Haaptrei.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie