Hyperbolbunn

(Virugeleet vu(n) Hyperbelbunn)

Als Hyperbolbunn gëtt an der Astronomie an an der Himmelsmechanik d'Bunn vun engem Himmelskierper bezeechent, wa si par Rapport zu engem méi schwéiere Kierper d'Form vun enger Hyperbol huet.

Verschidde méiglech Bunnen ëm e massive Kierper F am Brennpunkt vun dëse Bunnen: Krees (e = 0), Ellips (e = 0,5), Parabol (e = 1) an Hyperbolbunn (e = 2). e bezeechent dobäi d'Exzentrizitéit.

Dat geschitt nëmme bei enger Bunnvitess, déi d'lokal Fluchtvitesse vum méi massive Kierper iwwertrëfft. Dofir muss dee méi liichte Kierper sech vun deem anere rechneresch onendlech wäit distanzéieren an ëmmer nach eng Reschtvitesse hunn.

Am Ënnerscheed zu den ellipteschen zouene Keplerbunne sinn hyperbolesch Bunne op an hunn eng numeresch Exzentrizitéit e méi grouss wéi 1; de Grenzfall tëscht Ellipsen- an Hyperbolform wier d'Parabol mat e = 1.

Méiglech Fäll änneren

Wärend Hyperbolbunne relativ zu engem bestëmmten Zentralkierper méi dacks virkommen, si se par Rapport zum Inertialraum vill méi rar. Do stelle si haaptsächlech ganz laanggestreckt Ellipsebunnen duer.

E puer änlech Fäll sinn:

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie