Den Hotel Graas war en Hotel vis-à-vis vun der Gare an der Stad Lëtzebuerg.

Hotel Graas
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Garer Quartier
Koordinaten 49°35'59,8"N, 6°7'58,7"O
Architekt(en) Louis Rossi

Historesches

änneren

Den Hotel huet dem Pierre Graas gehéiert a gouf 1928 vum Architekt Louis Rossi gebaut.

D'Gebai gouf am Art Deco-Stil mat symmetreschen Elementer an der Fassad gebaut.[1] Besonnesch interessant sinn d'Detailer um drëtte Stack an ënner dem Daach: Balkone mat enger stenge Balustrad, Ronnbou-Fënsteren asw.

Den Hotel huet den 12. Juli 1930 seng Dieren opgemaach. D'Gebai ass ... vun der Banque de Luxembourg, déi och eng Zäit laang eng Agence am Gebai hat, komplett renovéiert ginn.

Enn 2021 gouf ugefaangen, d'Gebai, zesumme mam fréieren Hotel Terminus niewendrum, ofzerappen. Just d'Fassde vun den zwéi Gebaier bleiwe stoen, a ginn an en neie Projet, 'The Arc' genannt, integréiert. Dëse gesäit vir, an engem siwestäckege Gebai, op 3.387 Quadratmeter, Büroen, souwéi um éischte Stack Wunningen an am Rez-de-Chaussée Geschäftsraim, anzeriichten. Am Hierscht 2023 sollen d'Aarbechte fäerdeg sinn.[1]

Literatur

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Hotel Graas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. 1,0 1,1 Claude Molinaro: "Neues Leben hinter der Art-déco-Fassade." in: Tageblatt Nr.302, 28. Dezember 2021, S.19.