Hotel Terminus (Gare Lëtzebuerg)

Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Hotel Terminus war en Hotel op der Place de la Gare, vis-à-vis vun der Gare an der Stad Lëtzebuerg.

Hotel Terminus

Geschicht änneren

Den Hotel gouf 1903 vum Hotelier Emile Kessel-Clesse baue gelooss. En ersetzt en Hotel vun 1882, deen op där Plaz stoung, an dee verschidden Nimm hat. 1904 hunn de Jean Mangen an Anna Ludig den Hotel, mam Numm Hotel Central gepacht. Dräi Joer drop huet den Escher Ernest Spiesse d'Pacht iwwerholl an dem Hotel den Numm Hotel Terminus ginn.[1]

1940 huet d'Banque Mathieu Frères, aus där spéider d'Banque de Luxembourg gouf, am Gebai hir Büroen a Guicheten opgemaach. Dës hat do bis 2012 hire Siège.[1]

Gebai änneren

D'Gebai ass am historizistesche Stil gebaut.[1]

Enn 2021 gouf ugefaangen, d'Gebai, zesumme mam fréieren Hotel Graas niewendrum, ofzerappen. Just d'Fassde vun den zwéi Gebaier bleiwe stoen, a ginn an en neie Projet, 'The Arc' genannt, integréiert. Dëse gesäit vir, an engem siwestäckege Gebai, op 3.387 Quadratmeter, Büroen, souwéi um éischte Stack Wunningen an am Rez-de-Chaussée Geschäftsraim, anzeriichten. Am Hierscht 2023 sollen d'Aarbechte fäerdeg sinn.[1]

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Claude Molinaro: "Neues Leben hinter der Art-déco-Fassade." in: Tageblatt Nr.302, 28. Dezember 2021, S.19.