Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bou an der Architektur. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Bou.

E Bou ass eng Iwwerspanung vun engem Fräiraum an enger Konstruktioun, déi eng gebéit Form huet. Dacks si Béi aus Steen oder Zille gebaut, an d'Elementer si liicht käilfërmeg. E Verwëllef kann een definéieren als eng dräidimensional Ausféierung vum Prinzip vum Bou.

De Pont du Gard.
Verschidde Boukonstruktiounen an engem Giewel (Apdikt De Liefde zu Utrecht)

Béi goufen a gi gebraucht, fir Dieren oder Fënsteren a Maueren z'iwwerspanen, bei Brécken (kuckt: Boubréck) a bei Tunnellen. An der Vergaangenheet war d'Boukonstruktioun déi eenzeg Manéier, fir e grousse Raum z'iwwerspanen, an och nach eppes drop ze bauen.

Beim Bou gëtt den Drock vun uewen, säitlech ëmgeleet, sou datt d'Ëffnung, déi iwwerspaant soll ginn, net an e Koup fält.

An der réimescher, an duerno och an der romanescher Architektur waren d'Béi Hallefkreesser. An der Gotik koum de Spatzbou zum Asaz; et gëtt eng weider Rëtsch vu Bouformen:

Bouformen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Béi – Biller, Videoen oder Audiodateien