Hercules A ass eng elliptesch Radiogalaxie, déi 2,1 Milliarde Liichtjoer vun eis ewech am Stärebild Hercules läit.

Hercules A
Iwwerlagerung vun enger Foto am visuelle Spektrum vum Hubble-Weltraumteleskop mat enger Foto am Radioberäich vum VLA.
Stärebild Hercules (Her)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 16h 51m 08.15s
Deklinatioun + 04° 59' 33.32”
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 2100 M

Op Fotoen am visuelle Spektralberäich gesäit den Hercules A wéi eng typesch elliptesch Galaxie aus. Observatiounen am Radioberäich weisen awer en iwwer eng Millioun Liichtjoer grousse Plasma-Jet. Weider Observatiounen deiten drop hin, datt d'Galaxie, och bekannt als 3C 348, mat ronn 1015 Sonnemassen déi 1.000-fach Mass vun der Mëllechstrooss huet, an datt kiert zentraalt Schwaarzt Lach mat 4 Milliarde Sonnemassen och 1.000-fach Mass vun deem vun der Mëllechstrooss huet a sou eent vun de gréisste bekannten iwwerhaapt ass. Och wann d'Physik hanner den Jets nach net ganz kloer ass, staamt deenen hir Energie méiglecherweis aus dem Matièrestroum op d'schwaarzt Lach zou.[1]

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Referenzen

änneren
  1. Plasma Jets from Radio Galaxy Hercules A bei NASA Astronomy Picture of the Day. Deeler vun deem Text aus dem Domaine public ginn hei gebraucht.