Den Hercules ass en Aschlagkrater op der nordëstlecher viischter Moundsäit um südëstleche Rand vum Mare Frigoris. Hie läit westlech vum eppes méi grousse Krater Atlas. Säi Buedem huet am Géigesaz zum Atlas keng Brochstrukturen, mä ass − ofgesi vum Niewekrater Hercules G – zimmlech flaach. De Rampli ass terrasséiert.

Hercules
Hercules an Atlas mat Niewekrateren (LROC-WAC)
Koordinaten 46°49'12"N, 39°12'36"O
Duerchmiesser 68,3 km
Déift 3.200 m
Selenographesch Längt 322° bei Sonnenopgank
Genannt no Herakles
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ05
Mosaikfoto vu Lunar Orbiter 4.
Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
B 47,84° N, 36,68° O7 7 km [1]
C 42,72° N, 35,33° O7 9 km [2]
D 44,77° N, 39,69° O7 8 km [3]
E 45,8° N, 38,67° O7 9 km [4]
F 50,31° N, 41,71° O7 13 km [5]
G 46,46° N, 39,24° O7 14 km [6]
H 51,31° N, 41° O7 6 km [7]
J 44,1° N, 36,41° O7 8 km [8]
K 44,25° N, 36,93° O7 7 km [9]

(Den Niewekrater Hercules A heescht elo Keldysh)

De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom Herakles, dem Held vun der griichescher Mythologie, genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren