Hercules–Corona Borealis Great Wall

Den Hercules–Corona Borealis Great Wall ass eng immens kosmesch Superstruktur, déi aus Supergalaxiekéip besteet, déi e Filament, mat enger Gréisst vun 10 Milliarde Liichtjoer bilden. Domat ass et déi gréisst a masseräichst bekannt Struktur am observéierbaren Universum.

Positioun änneren

Déi Struktur läit a Richtung vun de Stärebiller Hercules a Corona Borealis, déi där Mauer hiren Numm ginn. Si läit op enger Distanz vu ronn 10 Milliarde Liichtjoer vun eis ewech, entspriechend der Routverrécklung vun z = 1,6–2,1.

Den Hercules–Corona Borealis Great Wall ass mat 10 × 7,2 Milliarde Liichtjoer (3 × 2,2 Gpc) méi wéi duebel sou grouss wéi déi am November 2012 entdeckt Huge-LQG an ass sechsmol sou grouss wéi de Sloan Great Wall.

Entdeckung änneren

 
De Swift Gamma Ray Explorer, deem seng Date zu der Entdeckung vum Hercules-Corona Borealis Great Wall gefouert hunn.

D'Regioun gouf am November 2013 entdeckt a war duerch eng ongewéinlech héich Zuel vu Gammablëtzer opgefall, déi en Indikater fir Galaxië sinn. D'Dategrondlag huet d'Fuerschungsmissioun Gamma Ray vum Swift-Satellit fir d'Duerchmusterung vum wäiten Universum geliwwert.

Skaleproblem änneren

Wéinst der grousser Distanz weist déi haiteg Observatioun den zäitlechen Zoustand vu viru ronn 10 Milliarde Joer. Datt sou extreem grouss Strukture schonn 3,8 Milliarde Joer nom Urknall hätte kënnen existéieren, géif awer de gängege Meenungen iwwer d'kosmologesch Entwécklung widersspriechen. Déi ginn nom Kosmologesche Prinzip op grousse Skale vun enger relativ homogeener Matièreverdeelung aus, mat enger maximal méiglecher Strukturgréisst vun 1,2 Milliarde Liichtjoer.

Dat wier ongeféier d'Gréisst vum Sloan Great Wall, der drëttgréisster Struktur am bekannten Universum. Huge-LQG wier scho véiermol an den Hercules–Corona Borealis Great Wall aachtmol sou grouss.

Et kann awer net ausgeschloss ginn, datt et sech ëm net zesummenhängend Strukturen handelt, déi zoufälleg déi selwecht Routverrécklung opweisen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren