Henri Lück
lëtzebuergesche Politiker (LSAP)
(Virugeleet vu(n) Henri Luck)
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Henri Luck oder Lück, gebuer den 19. August 1905 zu Ëtteng[1], a gestuerwen de 17. August 1983, war e lëtzebuergesche Politiker (LSAP) a Gewerkschaftler.[2]
Henri Lück | |
---|---|
Gebuer |
19. August 1905 Ëtteng |
Gestuerwen | 17. August 1983 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Hie war vun 1938 bis November 1941[3] an dunn nees vun 1945 bis 1969 Buergermeeschter vun der Gemeng Rëmeleng.
Vun 1965 bis 1969 war hien Deputéierten an der Chamber[4], wuer en no de Chamberwale vum 7. Juni 1964 am Summer 1965 fir de Jean Fohrmann nogeréckelt war.
Zu Rëmeleng gouf eng Strooss no him genannt.
Referenzen
änneren- ↑ Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor sic Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.135.
- ↑ 'Éloges funèbres' am Chamberbliedchen vun der 2, Sëtzung vun der Cahmber den 12. Oktober 1983 op der Säit 17
- ↑ Hie war am November vun den Däitsche verhaft ginn LFK an den Dokumenter vun Ons Jongen a Meedercher
- ↑ Plack mam Stroossennumm zu Rëmeleng