(624) Hektor
Asteroid
(Virugeleet vu(n) Hektor (Asteroid))
Den (624) Hektor ass de gréissten an hellsten Asteroid aus der Grupp vun den Trojaner. Et bezeechent een domat Asteroiden, déi op der Bunn vun engem Planéit mat ëm d'Sonn lafen.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Jupiter-Trojaner (L4) |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 5,223 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,024 |
Sideresch Ëmlafzäit | 4358,5 Deeg |
Mëttel Bunnvitess | 13,03 km/s |
Inklinatioun | 18,2 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 370 × 195 km |
Mass | (9,95 ± 0,12) × 1018 kg |
Mëttel Dicht | 1,0 ± 0,3 g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 6,921 h |
Albedo | 0,025 |
Absolut Hellegkeet | 7,49M |
Spektralklass | D – Typ |
Entdeckung | |
Entdecker | August Kopff |
Entdeckungsdatum | 10. Februar 1907 |
Plaz | Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl |
Aner Bezeechnungen | 1907 XM, 1948 VD |
Den 1907 entdeckten Asteroid leeft virum Jupiter um Lagrange-Punkt L4.
Den Hektor ass en onreegelméisseg geformten Himmelskierper vun 370 × 195 Kilometer Gréisst.
Den Asteroid gëtt vun engem 15 km grousse Mound, mam Numm S/2006 (624)1, ëmkreest[1].
Den Asteroid gouf nom legendären Held aus dem trojanesche Krich genannt.