Den Hausspatz (Passer domesticus) oder einfach Spatz; vereelzt och nach Mësch genannt, ass eng Vullenaart aus der Famill vun de Spatzen (Passeridae) an ee vun de bekanntsten an am wäitste verbreete Sangvullen. Hien ass zanter iwwer 10.000 Joer e Kulturfollger vum Mënsch, dat heescht, en ass iwwerall do ze fannen, wou d'Mënsche sech niddergelooss hunn. Et gëtt geschat datt et weltwäit eng 500 Milliounen Individue gëtt. Zanter der zweeter Hallschecht vum 20. Joerhonnert geet hire Bestand signifikant zeréck, besonnesch am Weste vu Mëtteleuropa, sou datt d'Aart mëttlerweil op d'Rout Lëscht vun de bedroten Aarten opgeholl gouf.

Hausspatz
En Hausspatz-Männchen

En Hausspatz-Männchen
En Hausspatz-Männchen
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Spatzevullen (Passeriformes)
Ënneruerdnung: Sangvullen (Passeri)
Famill: Spatzen (Passeridae)
Gattung: Spatzen (Passer
Wëssenschaftlechen Numm
Passer domesticus
L., 1758
Ënneraarten
  • P. d. domesticus (LINNAEUS, 1758)
  • P. d. tingiatus (LOCHE, 1867)
  • P. d. balearoibericus (JORDANS, 1923)
  • P. d. biblicus (E. HARTERT, 1904)
  • P. d. mayaudi (KUMERLOEVE, 1969)
  • P. d. persicus (ZARUDNY & KUDASHEV, 1916)
  • P. d. niloticus (NICOLL & BONHOTE, 1909)

indicus-Grupp

  • P. d. rufidorsalis (C. L. BREHM, 1855)
  • P. d. indicus (JARDINE & SELBY, 1835)
  • P. d. hufufae (TICEHURST & CHEESMAN, 1924)
  • P. d. hyrcanus (ZARUDNY & KUDASHEV, 1916)
  • P. d. bactrianus (ZARUDNY & KUDASHEV, 1916)
  • P. d. parkini (WHISTLER, 1920)

Beschreiwung änneren

Den Hausspatz weit ronn 30 Gramm a gëtt 14 bis 16 Zentimeter grouss – eng Grëtz méi wéi de Feldspatz. Opfälleg ass säi grousse Kapp a säi kräftegen, konesche Schniewel. D'Längt tëscht de Flilleken ass 71 bis 82 Millimeter, seng Spanwäit eng 23 Zentimeter. Männercher a Weibercher sinn däitlech anescht gefierft: D'Männercher hu méi kontrasträich Faarwen, si hunn eng schwaarz oder donkelgro Strass an eng schwaarz Broscht. Op der Stier an uewen um Kapp si se bläigro, vum A bis hannen an d'Akaul leeft e käschtebrongt Feld. D'Bake sinn hellgro bis wäiss. De Réck ass brong mat schwaarze Sträifen dertëscht, grad esou wéi d'Flilleken. Op de Flilleken ass zousätzlech eng wäiss Sträif. D'Broscht an de Bauch si gro. Do dergéint sinn d'Weibercher manner kontrastéiert gefierft, haaptsächlech Variatioune vun hellbrong a gro. Déi Jonk si wéi d'Weibercher gefierft.

Hausspatze fléie séier - bis zu 60 Kilometer an der Stonn, riichtaus a relativ niddreg. Dobäi geet de Flillek 13 Mol an der Sekonn op an of. Dertëscht si kuerz Phasen, wou se sech seegele loossen.

Verbreedung änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Ernierung änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Verhalen a Fortplanzung änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
 
Koppel vun der Enneraart indicus beim Käipen
 
Eeër vum Passer domesticus domesticus.

Den Hausspatz zu Lëtzebuerg änneren

Zu Lëtzebuerg gouf den Hausspatz vun natur&ëmwelt 2020 zum Vull vum Joer ausgeruff.

Nieft (Kar)mësch waren an der Zäit nach follgend Nimm gebräichlech: Spaz, Mëschelchen, Karbock, -butsch, -mëschel, -frësser, -hengscht, -louder, Mauerkrécher, Mauervill, Mauermësch, Mëschtnéckel, Jhadecker(chen), sou wéi lokal zu Ettelbréck Karestécher, zu Bungeref Kirrichvillchen, zu Izeg Karmëtsch, an am Nordéislek Daachvugel oder -vigelchen[1]

Um Spaweck änneren

Commons: Passer domesticus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Henri Klees: Luxemburger Tiernamen. Inbegriffen in 2. Auflage die 'Luxemburger Vogelnamen' von Henri Rinnen. Luxemburg, Institut Grand-ducal, Section de linguistique, de folklore et de toponymie, 1981 (=Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV).