Haumont-près-Samogneux

Haumont-près-Samogneux ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meuse an der Regioun Grand Est.

Haumont-près-Samogneux
D'Nikloskapell

D'Nikloskapell
D'Nikloskapell
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meuse
Arrondissement Verdun
Kanton Belleville-sur-Meuse
Postcode 55100
Gemengecode 55239
Koordinaten 49° 16’ 25’’ N
      05° 21’ 12’’ O
Fläch  1 081 ha
Bevëlkerung  0 (2015)

Am Éischte Weltkrich gouf d'Uertschaft 1916 bei der Schluecht vu Verdun, komplett zerstéiert an ni méi opgeriicht, well se nom Krich als Zone rouge klasséiert war. Et war eng vun den néng komplett zerstéierten Uertschaften am Departement Meuse.

Nom Krich gouf se als Village mort pour la France deklaréiert a gëtt vun dräi Leit verwalt déi bis 1982 vum Prefekt vun der Meuse bestëmmt goufen a vun do un, gi se vum Conseil Genéral de la Meuse bestëmmt. Se läit am Staatsbësch vu Verdun ronn 12 km nërdlech vu Verdun.

Nopeschgemengen änneren

  Consenvoye Moirey-Flabas-Crépion  
Brabant-sur-Meuse N
W    Haumont-près-Samogneux    O
S
Samogneux Beaumont-en-Verdunois
village détruit

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Haumont-près-Samogneux – Biller, Videoen oder Audiodateien