Beaumont-en-Verdunois
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meuse
Arrondissement Verdun
Kanton Belleville-sur-Meuse
Postcode 55100
Gemengecode 55039
Koordinaten 49° 15’ 33’’ N
      05° 24’ 30’’ O
Fläch  787 ha
Bevëlkerung  0 (2010)

Beaumont-en-Verdunois ass eng franséisch Gemeng am Departement Meuse an der Regioun Grand Est.

An der Gemeng Beaumont-en-Verdunois wunnt kee Mënsch. Et ass eng vun den néng Uertschaften am Departement déi am Éischte Weltkrich ganz zerstéiert goufen. Se gouf als Village mort pour la France deklaréiert, an um Enn vum Krich gouf decidéiert, d'Gemeng bestoen ze loossen, als Erënnerung un d'Evenementer déi sech do ofgespillt hunn. Den Territoire vun der Gemeng gëtt vun dräi Leit verwalt, déi vum Prefet vun der Meuse bestëmmt ginn.

D'Uertschaft gouf de 15. Mäerz 1921 mat der Croix de guerre 1914-1918 geéiert.


Kuckt och änneren