Henri Ackermann
lëtzebuergesche Politiker a Cyclist
(Virugeleet vu(n) Hary Ackermann)
Den Henri ("Hary") Ackermann, gebuer de 25. Juli 1922 zu Lëtzebuerg am Gronn a gestuerwen den 23. Januar 2014,[1] war e fréiere lëtzebuergesche Vëlossportler, Zwangsrekrutéierten,[2] Gewerkschaftler an LSAP-Politiker.
Henri Ackermann | |
---|---|
Gebuer |
25. Juli 1922 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
23. Januar 2014 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Vëlossportler |
Partei | LSAP |
![]() |
Den Henri Ackermann war Beamten um CFL, vun 1968 bis 1992 Gemengerot an der Stad, an 1979 an duerno vun 1984 bis 1994 Deputéierten an der Chamber.
Den Henri Ackermann ass 1947 an 1948 den Tour de France gefuer. Hien ass en awer ni zu Enn gefuer.
Palmarès Änneren
- 1. an de Landesmeeschterschaften op der Strooss (Cadets)
1947 Änneren
- Tour de Suisse (opginn)
- 2. am Grand Prix Général Patton (Indép.)
- 2. an de Landesmeeschterschaften op der Pist (Poursuite)
- 2. an de Landesmeeschterschaften op der Pist (Sprint)
- 2. an de Landesmeeschterschaften op der Strooss
- 3. an enger Course zu Déifferdeng
1948 Änneren
- 40. a Liège-Bastogne-Liège
Ekippen Änneren
- 1947: Nicolett
- 1948: Nicolett
- 1949: Garin - Wolber
- 1949: Nicolett
Kuckt och Änneren
Referenzen Änneren
- ↑ Hary Ackermann gestorben, wort.lu, 28. Januar 2014
- ↑ Fédération des enrôlés de force - Henri Ackermann. www.ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de(n) 2020-09-15.