Hans-Peter Schwarz

däitsche Politolog an Historiker

Den Hans-Peter Schwarz, gebuer den 13. Mee 1934 zu Lörrach), als Jong vun engem Schoulmeeschter, ass ee vun de bedeitendsten däitschen Historiker a Politikwëssenschaftler; hien ass emeritéierte Ordinarius fir Wëssenschaft vun der Politik an Zäitgeschicht op der Universitéit Bonn.

Hans-Peter Schwarz
Gebuer 13. Mee 1934
Lörrach
Gestuerwen 14. Juni 2017
Herrsching am Ammersee
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Neizäithistoriker, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Politolog, Historiker
Member vun Akademie der Wissenschaften und der Literatur

Säi Liewen

änneren

De Schwarz huet Politologie, Literaturwëssenschaft a Geschicht zu Basel an op der Univeritéit vu Freiburg am Breisgau studéiert, wou hien e Schüler vum Arnold Bergstraesser war. 1958 huet en zu Tübingen promovéiert, a vun 1966 bis 1973 war en Ordinarius fir Politologie op der Uni zu Hamburg, vun 1973 bis 1987 zu Köln an zanter 1987 zu Bonn. 1970 war hie Gaaschtprofesser zu Oxford an 1975/6 um Woodrow Wilson International Centre für Scholars, Washington, D.C..

Hien ass mam Karl-Dietrich Bracher an Horst Möller Editeur vun den Vierteljahreshefte für Zeitgeschichte.

Dann ass hie nach President vum wëssenschaftleche Bäirod vum Institut für Zeitgeschichte zu München, a President vum Wissenschafliches Direktorium des Forschungsinstituts der Deutschen Gesellschaft für Auswärtige Politik zu Bonn. Zanter 1984 ass hie Comitésmember vun der Konrad-Adenauer-Stiftung.

Gielercher

änneren

Den Hans-Peter Schwarz krut ënner anerem:

Literatur

änneren
  • Der konservative Anarchist. Politik u. Zeitkritik Ernst Jüngers, Freiburg, 1962
  • Vom Reich zur Bundesrepublik Deutschland im Widerstreit der außenpolitischen Konzeptionen in den Jahren der Besatzungsherrschaft 1945-1949, Neuwied,1966 a Stuttgart, 1980
  • Die Ära Adenauer. Gründerjahre der Republik 1949-1957, Stuttgart, 1981
  • Die Ära Adenauer. Epochenwechsel 1957-1963, Stuttgart, 1983
  • Die gezähmten Deutschen. Von der Machtbesessenheit zur Machtvergessenheit, Stuttgart, 1985
  • Adenauer. Der Aufstieg: 1876-1952, Stuttgart, 1986
  • Adenauer. Der Staatsmann: 1952-1967, Stuttgart, 1991
  • Die Zentralmacht Europas. Deutschlands Rückkehr auf die Weltbühne, Berlin, 1994
  • Das Gesicht des Jahrhunderts. Monster, Retter und Mediokritäten, Berlin, 1998
  • Anmerkungen zu Adenauer, Deutsche Verlagsanstalt, München 2004, ISBN 3-421-05838-5

Editeur

änneren
  • Konrad Adenauer. Reden 1917-1967. Eine Auswahl , 1975
  • Entspann, u. Wiedervereinigung. Deutschlandpol. Vorstellungen Konrad Adenauers 1955-1958, 1979

Matediteur

änneren
  • Die zweite Republik. 25 Jahre Bdesrep. Dtld - eine Bilanz, 1974
  • Seemacht u. Außenpolitik, 1974
  • Konrad Adenauer u. seine Zeit. Politik und Persönlichkeit des ersten Bundeskanzlers, 1976
  • America and Western Europe, 1978
  • Entspannungspol, in Ost u. West, 1979
  • Mam Karl Kaiser: Weltpolitik im neuen Jahrhundert, Bonn, 2000

Um Spaweck

änneren
Commons: Hans-Peter Schwarz – Biller, Videoen oder Audiodateien