Dohêm. Roman aus dem E'sleck ass e Roman vum Ferdinand Gremling a Lëtzebuerger Sprooch, deen 1948 am Verlag vun der Sankt-Paulus-Dréckerei erauskoum.

Dohêm. Roman aus dem E'sleck
Auteur Ferdinand Gremling
Erauskomm 1948

Wourëms geet et am Roman? änneren

Erzielt gëtt d'Geschicht vun engem Bouf deen zu engem jonke Mann eruwiisst, an engem Bauerenduerf am Éislek. Hien erlieft de Kreeslaf vun der Natur uechtert d'Joer, d'Schoulzäit, d'Liewen an der Stad an a Frankräich, d'Liewen um Duerf mat de Streidereien tëscht de Leit, e verléift sech a muss tëscht zwou Fraen decidéieren[1]...

Soss änneren

Vun der Kritik gouf ervirgehuewen, dass de Roman manner duerch seng Handlung, wéi duerch seng Sprooch an duerch seng atmosphäresch Beschreiwungen ervistécht.[1]

Den Autuer selwer sot, hie wéilt domat "der Hêmecht an hirer Sprôch e Stê setzen". (S. 8)[2].

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 „Dohém“. In: Luxemburger Wort, 1948 nº 101/102 (10.04.1948), S. 2 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. zit. n. Romain Hilgert: 'Ewell eng Gewunnecht'. d'Lëtzebuerger Land, 48. Jg., nº 6 (09.02.2001), S. 21. [Digitised by the National Library of Luxembourg].