Paul Wurth S.A.
D'Société Anonyme Paul WURTH, ofgekierzt Paul WURTH S.A., gouf den 28. Mee 1920 zu Lëtzebuerg als Société Anonyme Des Anciens Etablissements Paul Wurth gegrënnt[3], geet awer op d'Kesselfabréck zu Hollerech zeréck déi den Eugène Muller 1870 gebaut hat. 1891 goung de Betrib an d'Hänn vum jonken Ingenieur Paul Wurth iwwer.
Société Anonyme Paul WURTH | |
---|---|
Typ | Aktiegesellschaft |
Grënnungs | 28. Mee 1920 |
Sëtz |
32, rue d'Alsace L-1122 Lëtzebuerg ![]() |
Leedung |
Georges Rassel (Chief Executive Officer) |
Mataarbechter | 1700[1] |
Ëmsaz | 95.876.710,85 (2018)[2] |
Branche | Industrie |
Produit | Eisenindustrie, Héichuewen |
Homepage | paulwurth.com |
![]() |
D'Grupp Paul Wurth gehéiert haut mat ronn1.700 Mataarbechter a 27 Duechtergesellschaften zu de féierenden, weltwäit operéierenden Entreprisë beim Bau vun Héichiewen, Kokereien an ëmwelttechneschen Ekipementer fir den Eisen- a Stolsektor[4]. Am Joer 2011 gouf en Ëmsaz vu 491,1 Milliounen Euro an en Nettoresultat vun 18,2 Milliounen Euro erreecht[5]. Fir 2018 louch den Ëmsaz bei 95,88 Milliounen Euro, d'Nettoresultat bei 13 Milliounen Euro[2].
De 17. Dezember 2012 hunn ArcelorMittal (48,1 %) a Luxempart (11,0 %) hir Bedeelegungen un déi däitsch Anlagen- a Maschinnebau-Entreprise SMS Holding GmbH verkaaft[6]. De Rescht huet dem Lëtzebuerger Staat gehéiert, zum Deel via d'SNCI an d'Spuerkeess.
Uganks 2021 huet de Staat SMS seng Bedeelegunge verkaaft, sou dës ewell 100% huet.[7],[8]
Innovatiounen änneren
1970/1971 huet den Édouard Legille vu Paul Wurth de "Giichtverschloss ouni Klack" fir Héichiewen erfonnt (spéider och "Paul-Wurth-Giichtverschloss")[9], dee sech wéinst senge ville Virdeeler par Rapport zum ale System (méi liicht Konstruktioun, méi prezis a gläichméisseg Koks- a Möllerverdeelung, méi dicht) duerchgesat huet an haut dacks bei modernen Héichuewenanlagen zum Asaz kënnt.
Um Spaweck änneren
Referenzen änneren
- ↑ Donnéeën op Editus.lu, fir d'lescht gekuckt den 22. November 2019
- ↑ 2,0 2,1 Comptes annuels (eCDF) am "Balance Sheet 2018" ënnert der Nummer B4446 am Handelsregëster, gekuckt op lbr.lu den 22. November 2019
- ↑ Introduktiounstext vun der Statutenännerung vum 14. Mee 1996
- ↑ News vum 26/07/2012 op paulwurth.com Gearchiveerd op 2012-11-05. Gekuckt de(n) 2012-12-20.
- ↑ Paul Wurth Grupp: Resultat op Ziorsniveau, wort.lu vum 9. Mee 2012
- ↑ News vum 17/12/2012 op paulwurth.com Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2012-12-20.
- ↑ "De Staat verkeeft 40 Prozent vu sengen Undeeler u Paul Wurth un däitsche Grupp." rtl.lu, 18.02.2021.
- ↑ "De Lëtzebuerger Staat verkeeft seng Parten u Paul Wurth." 100komma7.lu, 18. Feb 2021.
- ↑ Roger Kneip: Aus der Geschicht vun der Stolindustrie - Iwwer 25 Joer Gichtverschloss ouni Klack