Halle (Belsch)

belsch Gemeng
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der belscher Stad Halle. Fir aner Uertschafte mat deem Numm, kuckt wgl. Halle.

Halle ass eng Stad a Gemeng an der belscher Provënz Flämesche Brabant, an der Regioun Flandern.

Halle
Land Belsch
Awunner 39.096 (1. Januar 2018)
Fläch 44,40 km²
Koordinaten 50°44'10"N, 4°14'14"O
Telefonszon 02
Postcode 1500
Websäit http://www.halle.be/

Geographie änneren

Halle läit op der Senne, wou dës vum Kanal Charleroi-Bréissel, deen derlaanscht leeft, gekräizt gëtt. Op den Hiwwelen ëstlech vum Floss geet d'Besiidlung op der Grenz vun Halle, iwwer an d'Agglomeratioun vun der Regioun Bréissel. Südëstlech vun der Stad läit den Hallerbos, en Iwwerrescht vum sougenannte Kuelebësch (Silva Carbonaria), dee sech an der Antikitéit vun der Mëtt vum haitege Flandern bis bei d'Meuse erstreckt huet.

Westlech grenzt Halle un dat hiwwelegt Pajottenland, wéinst sengem fruchtbare Buedem eng Akerbaugéigend.

Zu der Gemeng Halle gehéieren nach follgend Sektiounen an Uertschaften: Buizingen, Lembeek, Breedhout, Eizingen, Essenbeek, Sint-Rochus an Hondzocht.

Geschicht änneren

Am 7. Joerhonnert huet d'Waudru vu Mons der Abtei, déi se grad zu Mons gegrënnt hat, Lännereien an der Géigend vum haitegen Halle, déi se g'ierft hat, iwwerdroen. Bis zu der Franséischer Revolutioun huet Halle, direkt op der Grenz zum Herzogtum Brabant, mol méi, mol manner, zum Herzogtum Hainaut gehéiert. Am 8. Joerhonnert huet den Haupert, Äerzbëschof vun Tongeren, zu Halle eng Kierch gegrënnt, déi d'Joffer Maria als Patréinesch hat.

1225 krut Halle de Fräiheetsbréif vun der Gräfin Jeanne vu Flandern. 1267 koum eng Mariestatu an d'Kierch, där nogesot gouf, si géif Wonner bewierken, an déi d'Stad zu enger wichteger Pilgerplaz gemaach huet. Dofir gouf am 15. Joerhonnert méi eng grouss Kierch gebaut. 1404 ass de Philippe II. vun der Bourgogne zu Halle gestuerwen.

1648 ass Halle un den Herzog vun Arenberg gefall, wéi de Felipe IV. vu Spuenien, deen Halle als Pand ginn hat, seng Schold net méi zeréckbezuele konnt. D'Mariestatu konnt virun der Sekulariséierungswell an der Franséischer Revolutioun verstoppt a gerett ginn.

Haut ass Halle e regionalen Déngschtleeschtungszenter, mat Schoulen, engem Spidol an enger sëllegen Administratiounen.

2010 war zu Buisingen, eng Sektioun vun der Gemeng Halle, en Zuchakzident, bei deem 18 Persounen ëm d'Liewe koumen.

Den Eenzelhandelsdiscounter Colruyt huet zu Halle seng Zentral.

Kuckeswäertes änneren

Déi héichgotesch St.-Martins-Basilika gouf tëscht 1341 a 1467 gebaut. Dodra gëtt ë. a. e Reliquienschräinversuergt, deen de Louis XI. vu Frankräich gestëft huet; den Altoer vum Hellege Mäerten, gestëft 1533 vum Keeser Karel V.; eng Monstranz vum Henry VIII. vun England, an de Mainzer Kelch.

D'Stadhaus ass e Renaissancegebai aus dem Joer 1611. De fréiere Jesuittekolléisch ass vu 1650.

Baussent der Stad steet d'Schlass Buizingen, wou déi Bréisseler Thurn und Taxisse gewunnt hunn, wa s'op d'Land wollten.

Galerie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Halle (Belgium) – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Gemengen an der belscher Provënz Flämesche Brabant
 

Aarschot | Affligem | Asse | Beersel | Begijnendijk | Bekkevoort | Bertem | Bever | Bierbeek | Boortmeerbeek | Boutersem | Diest | Dilbeek | Drogenbos | Galmaarden | Geetbets | Glabbeek | Gooik | Grimbergen | Haacht | Halle | Herent | Herne | Hoegaarden | Hoeilaart | Holsbeek | Huldenberg | Kampenhout | Kapelle-op-den-Bos | Keerbergen | Kortenaken | Kortenberg | Kraainem | Landen | Lennik | Léiwen | Liedekerke | Linkebeek | Linter | Londerzeel | Lubbeek | Machelen | Meise | Merchtem | Opwijk | Oud-Heverlee | Overijse | Pepingen | Roosdaal | Rotselaar | Scherpenheuvel-Zichem | Sint-Genesius-Rode | Sint-Pieters-Leeuw | Steenokkerzeel | Ternat | Tervuren | Tielt-Winge | Tienen | Tremelo | Vilvoorde | Wemmel | Wezembeek-Oppem | Zaventem | Zemst | Zoutleeuw

Belsch | Belsch Provënzen |