Hachy

belsch Uertschaft an der Gemeng Habay (Provënz Lëtzebuerg)

Hachy, op Lëtzebuergesch Häerzeg ass eng belsch Uertschaft am Areler Land, an der Gemeng Habay, an der Provënz Lëtzebuerg. Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Hachy eng eegestänneg Gemeng, mat den Uertschaften Fouches a Sues. Bei där Reform gouf Hachy bei Habay geprafft, a Fouches a Sues koumen an d'Gemeng Arel

Hachy
lb: Häerzeg
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Virton
Gemeng Habay
Koordinaten 49° 42’ 06’’ N
      05° 40’ 51’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6720

Geschicht änneren

En Dokument bekannt ënner dem Numm Chronique d'Oswald, gëtt un datt d'Seigneurerie Diddebuerg den 13. September 1646 vun e puer Uertschaften aus der Vogtei vun Arel zesummegesat war. Zu där Seigneurerie huet de Bann vun Diddebuerg, Häerzeg a Gehaanselchert gehéiert.

1735 gouf d'Kierch südlech vun der Uertschaft gebaut, dat, well déizäit d'Awunner vu Fouches a Sampont och an déi Kierch gaange sinn. Fouche a Sampont goufen eréischt 1808 onofhängeg Paren.

An der Zäit, an där d'Schmëtten an der Géigend aktiv waren, vum 16. Joerhonnert bis an d'19. Joerhonnert, gouf et um Territoire vun Häerzeg e puer grouss Häff, déi den Häre vum Pont d'Oie gehéiert hunn.

Ee Kilometer nërdlech vun der Uertschaft, nieft dem Wee dee vun Hachy op Habay-la-Neuve féiert stoung bis an d'18. Joerhonnert e grousst Gebai, de Château du Bois Rond, deen der Härschaft vun Diddebuerg gehéiert huet, an e Justizpalais mat Prisong war. Et gouf 1793 vun de Fransousen zerstéiert.

Geographie änneren

Hachy läit an enger Wiselandschaft op enger Héicht vun 375 Meter. Duerch d'Uertschaft lafen zwou kleng Baachen, de Ruisseau de Hachy an d'Routbaach déi ronn e Kilometer virun der Mëndung an d'Semois zesummelafen.

Iwwer den Territoire vun Hachy lafen d'Eisebunnsstreck Namur-Sterpenich-Lëtzebuerg an d'Bréisseler Autobunn.