Dësen Artikel beschäftegt sech mat der HMS Royal Oak (08). Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Royal Oak (Homonymie).


Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'HMS Royal Oak war e brittescht Schluechtschëff, an dat eeleft Schëff mat deem Numm. Si huet zur Revenge-Klass gehéiert, an ass de 17. November 1914 bei den Devonport-Werften zu Devon vum Stapel gelaf.

HMS Royal Oak (08)
D'HMS Royal Oak, 1937
D'HMS Royal Oak, 1937
Déngschtzäit
Bauwerft: Devonport Dockyard
Op Kiel gesat: 15. Januar 1914
Stapellaf: 17. November 1914
An Déngscht gestallt: 1. Mee 1916
Schicksal: Versenkt de14. Oktober 1939
Technesch Daten
Waasserverdrängung: Normal: 28.000 ts
Maximal: 31.200 ts
Längt: Waasserlinn: 189 m
am Ganzen: 190,3 m
Breet: virum Ëmbau: 27 m
duerno: 31,2 m
Déifgank: 8,9 m (33 ft 7")
Ugedriwwe mat: 4 Wellen mat
Parson-Gedriww op
Dampturbinne gekoppelt
18 Yarrow-Dampkesselen
40,000 shp (30 MW)
Vitess: 20 Kniet (37 km/h)
Aktiounsrayon: 4.000 sm (7.400 km)
Kraaftstoffreserve: 1.040 - 1.146 t
Bewaffnung: Kanounen:
8 × 381 mm (15 inch)

12 × 152 mm (6 inch)
8 × 102 mm (4 inch) Flak
16 × 2 lb (4 cm/900 g)
Torpedoen:
4 × 533 mm-Réier

Si war dat éischt Schluechtschëff, dat am Zweete Weltkrich versenkt gouf, an zwar vum däitschen U-Boot, U-47 ënner dem Kapitänleitnant Günther Prien, am Laf vun der Operatioun Scapa Flow.

Geschicht änneren

Éischte Weltkrich änneren

Si huet am Éischte Weltkrich hiren Déngscht haaptsächlech bei der Grand Fleet mat Heemechtshafe Scapa Flow gemaach. Den 31. Mee 1916 huet se ënner dem Kommando vum Kapitän C. MacLachlan un der Skagerrakschluecht deelgeholl, an ass ouni Schued zeréckkomm.

Zweete Weltkrich änneren

An der Nuecht vum 13. op de 14. Oktober 1939 gouf d'Schëff op senger Ankerplaz zu Scapa Flow vum däitschen U-Boot U 47 ënner dem Kommando vum Günther Prien ugegraff. D'U 47 huet am éischten Ulaf zwéin Torpedoen op d'Royal Oak ofgefeiert, déi awer net explodéiert sinn. Well d'U 47 net entdeckt gouf, konnt et en zweeten Ulaf huelen. Déi zweet Attack hat Erfolleg. Duerch zwéin Torpedotreffer gouf Royal Oak versenkt. 833 Mann vun der Besatzung sinn dobäi ëmkomm.

En drëtten Torpedo huet och getraff. No offizielle brittesche Meldunge war et de Waasserfligerdréier HMS Pegasus dee getraff gouf, an net de Schluechtkräizer HMS Repulse wéi de Prien ugeholl hat.

De Wrack haut änneren

De Wrack läit op der Positioun 58° 55’ 00’’ N 02° 59’ 00’’ W op 30 m Déift op der Backbordsäit mam Kiel no uewen. Bei guddem Wieder kann een de Wrack gesinn. Aus Pietéit an am Intressi vum Schutz vu militäreschen Iwwerreschter ass an engem Ëmkrees vun 300 m d'Dauche verbueden.

Literatur änneren

  • Siegfried Breyer, Schlachtschiffe und Schlachtkreuzer 1905-1970, J. F. Lehmanns Verlag München, 1970, ISBN 3-88199-474-2
  • Rod Macdonald, Dive Scapa Flow, Mainstream Publishing Edinburgh/London, 2000, ISBN 1-85158-983-X
  • Alan Raven und John Roberts, Die britischen Schlachtschiffe des 2. Weltkrieges, Band 1, Bernard & Graefe Verlag München, 1980, ISBN 3-7637-5191-2
  • A. Korganoff: Prien gege Scapa Flow, 3. Auflage, 1989; Motorbuch Verlag, Stuttgart; ISBN 3-87943-497-2
 
D'Royal Oak bei Jutland, Tableau (William L. Wyllie, R.A.)

Um Spaweck änneren

Commons: HMS Royal Oak (08) – Biller, Videoen oder Audiodateien