Hôtel de Bourgogne (Stad Lëtzebuerg)

Hôtel de Bourgogne ass de gebräichlechen Numm vum Gebai op Nummer 4 an der Jofferegässel an der Stad Lëtzebuerg, dat vun 1975 bis 2019 offizielle Sëtz vun der Lëtzebuerger Regierung a vum Premierminister war. De Büro vum Lëtzebuerger Premier war tëscht der barocker Aganksdier an dem ronnen Zillentuerm mat senger Akkolad iwwer der Entrée en der Wendeltrap[1].

Hôtel de Bourgogne
2011
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Uewerstadll
Strooss Rue de la Congrégation
Adress 4 an der Jofferegässel
Koordinaten 49° 36’ 34.2’’ N
      06° 07’ 55.5’’ O
Statut keng
Proprietär Lëtzbuerger Staat
Dem Premierminister Xavier Bettel säi Büro (2018).

Den Hôtel de Bourgogne ass eent vun den eelsten Haiser aus der Stad Lëtzebuerg[1] a vu 1443 bis 1405 war do déi al „Mënz“ ënnerbruecht[2]. Duerno hunn do ë. a. de Claude du Fay de Neufchâtel gewunnt, dee vu 1475 bis 1477 de stellvertriedende Gouverneur vum Herzog vun der Bourgogne a vu Lëtzebuerg, dem Karel dem Kéngen war. De Claude de Neufchâtel huet fir de Karel de grousse Keller mam Verwëllef an de ronnen Tuerm op der rietser Säit baue gelooss huet[1]. De Claude de Neufchâtel wat duerno, vu 1480 bis 1487, de Gouverneur vum Maximilian vun Éisträich.

Den de Neufchâtel war de Brudder vum deemolegen Abt aus dem Iechternacher Benediktinerklouschter[1] an hat 1446 d'Ierwin vum Här vu Berbuerg, d'Bonne de Boulay bestuet. D'Gebai huet bis 1676 der Famill vu Berbuerg gehéiert an et gouf och laang Zäit „Berbuerger Haus“ genannt.

Déi markant Fënsterreie goufen am spéide 17. Joerhonnert erneiert[1]. 1676 war d'Haus Deel vun engem architektoneschen Ensembel, dee „Metternicher Haff“ genannt gouf. An deem Joer gouf e mat Gebaier niewendrun vum Abt Willibrord Cuno vun der Mënsterabtei opkaf, fir do e Refuge draus ze maachen.

Op der nordwestlecher Säit ass en zweet Gebai un den Hôtel de Bourgogne ugebaut. Dëst véiereckegt Haus ass honnert Joer méi spéit entstanen a grenzt un den Haff vum Hôtel Saint-Maximin. An deem Gebai ass um Rez-de-chaussée ass de grousse Sall vum Regierungsrot. Déi zwéin iewescht Stäck mat hire Büroe goufen 2001 mam Haaptgebai verbonnen[1].

Nodeems den Ausseministère 2017 aus dem Hôtel Saint Maximin an d'Mansfeld-Gebai geplënnert war, gouf den éischtgenannte renovéiert, sou datt am Summer 2019 de Staatsminister mat ettleche vu senge Servicer do eraplënnere konnt.


Um Spaweck änneren

Commons: Hôtel de Bourgogne – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 „De Staatsministère - Hôtel de Bourgogne“ - Informatiounsblad, erausginn am Kader vun der „Journée portes ouvertes des institutions“ den 21. Abrëll 2018
  2. Quell vun dësem Kapitel, wann net anescht uginn: Robert Philippart: "Témoins du passé, demeures seigneuriales et bourgeoises." In: La Ville de Luxembourg - Du château des comtes à la métropole européenne. Sous la direction de Gilbert Trausch. Anvers: Fonds Mercator Paribas, 1994, S.155-165; hei S.157.