Refuge (Klouschter)
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Als Refuge vun engem Klouschter goufe Gebaier genannt, déi bannent enger Stadmauer louchen, an domat méi geschützt ware wéi d'Kléischter selwer, déi dacks ouni Schutz op der Gewan louchen.
Si sollten de Kléischter d'Méiglechkeet ginn, hir Awunner an hire wäertvollste Besëtz, wann néideg, virun Iwwerfäll a Sécherheet ze bréngen. Gläichzäiteg ware se a Friddenszäiten e Pied à terre an de politeschen a wirtschaftlechen Zentren, an hunn och alt eng representativ Roll gespillt.
An der Festung Lëtzebuerg gouf et e puer där Refugen:
- de Refuge Sankt Maximin, vun der Tréierer Abtei Sankt Maximin, wou haut de Staatsministère dran ass;
- de Refuge vun der Abtei Orval, wou haut de Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg dran ass;
- de Refuge vun der Abtei Clairefontaine op der haiteger Clairefontaine-Plaz, deen 1933 ofgerappt gouf;
- de Refuge vum Klouschter Mariendall, op deem senger Plaz haut d'Gebaier vum Centre Guillaume-II stinn;
- de Refuge vun der Abtei Iechternach um Krautmaart, queesch vis-à-vis vum deemolege Stadhaus (haitege Palais);
- den Hôtel de Bourgogne, den eng Zäitche Refuge vun der Abtei Neimënster war.
Literatur
änneren- Guy Thewes: "Les refuges d'abbayes dans la ville, vestiges du passé." in: ons stad Nr. 47/1994, S.13-15.