György Sándor Ligeti
De György Sándor Ligeti [ˈɟørɟ ˈliɡɛti], gebuer den 28. Mee 1923 zu Dicsőszentmárton (haut Târnăveni) a Siebenbürgen a Rumänien, a gestuerwen den 12. Juni 2006 zu Wien, war en éisträichesche Komponist vun ungaresch-jiddescher Ofstamung a gëllt als ee vun de grousse Komponiste vum 20. Joerhonnert. Hie konnt awer och, virun allem der Neier Musek, wichteg Impulser ginn.
György Sándor Ligeti | |
---|---|
Gebuertsnumm | Ligeti György Sándor |
Gebuer | 28. Mee 1923 |
Gestuerwen |
12. Juni 2006 Wien |
Nationalitéit | Ungarn, Éisträich |
Educatioun | Franz-Liszt-Museksakademie |
Aktivitéit | Komponist, Musekspedagog, Universitéitsprofesser, Pianist, Museker, Librettist, Illustrateur |
Member vun | Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Rumänesch Akademie, American Academy of Arts and Sciences, Bayerische Akademie der Schönen Künste |
Famill | |
Kanner | Lukas Ligeti |
Dem net musekinteresséierte Public gouf hie bekannt mam Stanley Kubrick sengem Film 2001: A Space Odyssee an deem de Realisateur e puer vum Ligeti senge Wierker gebraucht huet.